Wéi wier wann Dir kéint Energie hierstellen… mat der Sonn an op Ärem Balcon?

Verëffentlecht:24.07.2023

Balconskraaftwierker, oder och „Plug&Play“ genannt, si kleng Photovoltaikanlagen, déi an der Reegel just aus 2 klenge Modüllen an engem Wiesselriichter bestinn, déi ganz einfach um Balcon kënnen installéiert ginn. Allerdéngs dierf d’Leeschtung vu sou enger Anlag maximal 799 W (Wiesselriichterleeschtung) sinn.

Wéi fonctionéiert esou eng Anlag?

D’Balconskraaftwierk stellt mat Hëllef vu senge Solarmodülle Stroum hir a speist e vun do aus iwwer eng normal Steckdous an Äert Stroumnetz an. Den hiergestallte Stroum ka sou direkt an der Wunneng verbraucht ginn. Den Iwwerschoss gëtt an dat ëffentlecht Stroumnetz agespeist, awer net verrechent.

Op wat muss een oppassen?

D‘Modülle mussen „CE“-zertifiéiert sinn. Aus Sécherheetsgrënn ass et recommandéiert ee sougenannte „Wieland-Stecker“ (eng speziell Steckdous mat no baussen hin isoléierte Kontakter) ze benotzen. Déi elektresch Installatioun muss den aktuelle Sécherheetsstandarden entspriechen. Deemno muss en FI-Schalter am Stroumreseau sinn. Ausserdeem mussen d’Modülle gutt befestegt si fir dass se bei Onwierder net fortfléien a fir dass keng Verletzungsgefor besteet.

Ass e Balconskraaftwierk rentabel?

E Balconskraaftwierk hëlleft déi eege Stroumkäschten ze drécken ass ëmsou méi rentabel wann een et fäerdeg bréngt den hiergestallte Stroum selwer ze benotzen. Kuckt dofir am Virfeld no (z.B. op der Clients-Säit vun Ärem Stroumfournisseur) ob Äre Stroumverbrauch duergeet fir den hiergestallte Stroum selwer ze benotzen.

Ginn et och Subside fir Balconskraaftwierker?

Fir de Klimabonus Subside fir e Balconskraaftwierk ze kréien, muss d’Installatioun vun enger Fachkraaft gemaach ginn. D’Héicht vum Subside ass limitéiert op 62,5 % vun de Käschten (ouni TVA) mat engem maximale Montant vun 1.562,5 €/kWp wann d’Offer tëscht dem 1. Januar 2023 an dem 31. Dezember 2023 ënnerschriwwe gouf. D’Demande vum Subside muss onbedéngt vun der Fachkraaft ënnerschriwwe sinn, déi sech em d’Installatioun këmmert.

 

Zréck