Opruff fir nei Memberen | Berodend Kommissiounen

Verëffentlecht:25.08.2023

Ech engagéiere mech a menger Gemeng!

D’Stad Réimech sicht no de Walen erëm no neie Membere fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:

  • Bauten
  • Ëmwelt
  • Integratioun

Sidd Dir interesséiert aktiv an enger Kommissioun mat ze schaffen?

Hutt Dir Beruffserfarung an engem vun den Aufgabeberäicher déi an dës Kommissioune falen?

Wëllt Dir Är Liewenserfarung an den Déngscht vun Äre Matbierger:inne stellen?

Hutt Dir Iddien a sidd bereet e puer Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet ze schaffen?

Da fëllt de Formular aus a schéckt en zeréck:

  • per Post: Stad Réimech | BP 9 | L-5501 Réimech
  • per Email:  secretariat@remich.lu
Zréck