Persoun fir d’Verdeelung vu Gemengeverëffentlechunge gesicht!

D’Stad Réimech sicht eng zouverlässeg an engagéiert Persoun fir d’Verdeelung vun onse verschiddene Verëffentlechungen un d’Haushalter vu Réimech.

Aufgaben

  • Virbereedung vun der Verdeelung
  • Verdeelung un all Haushalt

Verdéngscht

  • Geleeënheetsjob (keen Aarbechtsvertrag)
  • Bezuelung no Gemengereglement

Profil:

  • Flexibel, spontan
  • Zouverlässeg, pünktlech
  • Gutt geografesch Kenntnisser vun der Gemeng
  • Kierperlech fit
  • Sproochen: LB, DE an/oder FR

Schéckt ons Är Kandidatur mat CV a Foto: mato@remich.lu

Verstäerkung fir eis Service-Ekipp gesicht !

Mir siche motivéiert Leit, déi eis beim Service op eisen Events ënnerstëtzen.
 
Profil:
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch?
  • Dir sidd flexibel?
  • Dir sidd gär a Kontakt mat anere Leit?
  • Dir sidd zouverlässeg, dynamesch, pünktlech a schafft gären an der Ekipp?
  • Dir hutt Virkenntnesser am Service?
 ☝️ Opgepasst!
  • keng fest Aarbechtsplaz oder Aarbechtsvertrag
  • Bezuelung jee Stonn nom Gemengereglement
>>> Schéckt ons Är Kandidatur mat CV a Foto op: mato@remich.lu.