Route de Luxembourg – Erneierung vum Stroossebelag
Ponts & Chaussées hunn ons matgedeelt, dass d’Route de Luxembourg wéinst der Erneierung vum Stroossebelag den 11. Abrëll 2025 tëscht 09:00 a 17:00 Auer ab dem Haus n°03 bis d’Kräizung Route de l’Europe (N2) fir de Verkéier gespaart ass.

En plus
- ass et op deenen 2 Säite vun der Route de Luxembourg verbueden ze parken den 11. Abrëll 2025 ab 06:00 Auer a bis zum Schluss vun den Aarbechten.
- ass weder d’Zoufaart zu de Garagen nach d’Ausfaart aus de Garagë méiglech.
- ginn d’Busarrête fir d’Dauer vun den Aarbechten net ugefuer (ëffentlechen Transport & Navette vun der Stad Réimech).
D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.
Bauhär
Administration des Ponts et Chaussées
T. (+352) 2846 2200
E. srrm@pch.etat.lu
Merci fir Ärt Verständnis.