De Bistrot Wäinhaus op 113 Route du Vin zu Ehnen (L-5416) sicht e Locataire fir säi Bistro/Restaurant
Eng eenzegaarteg Geleeënheet
De Bistro/Restaurant, mat enger Kapazitéit vun 49 Plazen, bitt:
- eng nei, professionell a voll ausgestatt Kichen,
- Terrasse an
- d’Optioun, e Festsall mat 150 Plazen ze benotzen.
Profil
- nogewisen Erfarung an der Gastronomie,
- e kulinarescht Konzept, dat zum Charakter vum Standuert passt,
- Bereetschaft, sech an d’lokal an touristescht Liewen ze integréieren.
Krittären
Follgend Ufuerderungen mussen erfëllt sinn:
- eng Autorisation de Commerce hunn,
- eng Schanklizenz hunn,
- zu Lëtzebuerg wunnen.
Ouverture: Hierscht 2026
Ofhuele vun de Bewerbungsdokumenter
D’Dokumenter kënnen am “Wäinhaus”, Route du Vin 115, L-5416 Ehnen, méindes bis freides tëscht 08:00 an 12:00 Auer ofgeholl ginn.
Areeche vun de Kandidature bis spéitstens den 18. Juni 2026 .
Déi komplett Kandidatur muss perséinlech agereecht oder per Post u follgend Adress geschéckt ginn:
“Wäinhaus”
115, route du Vin
L-5416 Ehnen
Tel.: +352 75 88 88
Email: info@museevin.lu