Den 1. Dezember 2021 hunn eng Grupp Cornhole-Fans aus de Gemenge Réimech, Schengen a Stadbriedemes e neie Sportsclub gegrënnt, deen d’Zil huet, d’Spill Cornhole an der Muselregioun ze fërderen.
Cornhole, och bekannt als Beanbag oder Sackloch, ass e Fräizäitspill, bei deem e puer Spiller ofwiesselnd kleng Säckelcher, gefëllt mat Maiskären (Beanbags), op eng Plattform mat engem Lach werfen.