Onse neien Offall-Guide ass do! 

All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.

Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!

Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.

Kuckt elo eran: Offall-Guide

 

wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten

wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten

Sidd Dir op der Sich no neie Wengertsparzellen oder wëllt Dir Flächen verpachten respektiv verkafen?

Mat wengertsbourse.lu start déi nei Online-Plattform fir d’Lëtzebuerger Muselregioun. Am Kader vum LEADER-Miselerland-Projet „Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement“ gouf dës Internetsäit entwéckelt, fir Offer an Nofro un der Musel einfach an neutral zesummenzebréngen.

Är Virdeeler op ee Bléck:

  • An manner wéi 2 Minutten ass Är Annonce online.
  • Automatesch Integratioun vun de FLIK-Donnéen (Lag, Hangneigung, asw.).
  • 1-zu-1 Vermëttlung inklusiv Chat-Funktioun.
  • Regional & gratis: D’Bourse fir déi Lëtzebuerger Musel.

Hei geet et direkt op d’Plattform: https://wengertsbourse.lu/ oder scannt einfach de QR-Code mat Ärem Handy.

KONTAKT:

Felix WEYER,  Koordinateur vum Projet «Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement» vum LEADER Miselerland

E. felix.weyer@leader.lu | T. (+352) 75 01 39 | Mé -Dë 8:00 – 17:00 & Më 8:00 – 12:00

INVITATIOUN | Informatiounsversammlung Chantier Cité Buschland

INVITATIOUN | Informatiounsversammlung Chantier Cité Buschland

De Schäfferot vun der Stad Réimech luet d’Awunner:innen op eng Versammlung an fir iwwer de Reamenagement vun der Rue de la Corniche a Rue des Bateliers ze informéieren.

📅 Datum: Méindeg, 13.04.2026
🕖 Auerzäit: 18:30 Auer
📍 Plaz: Schoul- a Sportzenter Gewännchen | 8, rue des Champs
🌐 Sprooch: Lëztebuergesch | Iwwersetzung op Franséisch op Ufro méiglech
✍️ Umellung: bis de 07.04.2026 | T. 23 692 1 – E-Mail: mato@remich.lu

Mir freeën eis op Iech.

20.03.2026 | Gemengerotssëtzung

Den nächste Gemengerot ass de den 20.03.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

Cavalcade 15.03.2026 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verkéier

Sonndes, de 15. Mäerz 2026 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir bei de jeeweilege Linnen op mobiliteit.lu oder am Avis vum RGTR.

Programm vum ganze Weekend

>> cavalcade-remich.lu

De Buet Mäerz-Abrëll 2026 ass online!

 

i nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue Neuve

Dréiaarbechten an der „Rue Neuve“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt SAMSA Films en Dënschdeg, den 24. Februar 2026 tëscht 16:00 an 21:00 Auer an der „Rue Neuve“ Dréiaarbechten fir de Film “Marginal” duerchféiert.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Zesummenaarbecht.

17.02.2026 | D’Gemeng ass mëttes zou

Die Büros der Stadt sowie alle anderen Gemeindeabteilungen Remich bleiben am 17. Februar 2026 nachmittags geschlossen.

Wir bedanken uns für Ihr Verständnis.