Den nächste Gemengerot ass de 26.06.2026 um 14:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Virowend vu Nationalfeierdag | Ëffentlechen Transport & Nightlifebus
Loost den Auto doheem a profitéiert vum ëffentlechen Transport oder vum Nightlifebus fir un de Feierlechkeeten vum Virowend vu Nationalfeierdag an der Stad deel ze huelen!
Bongenaktioun Nationalfeierdag | Lëscht mat Betriber wou matmaachen
Léif Awunnerinnen an Awunner,
Déi nächst Deeg fannt Dir an Ärer Bréifkëscht d’Bongen déi d’Stad Réimech fir de Nationalfeierdag all Réimecher Awunner offréiert.
Dir kënnt Är Bongen an de Réimecher Restauratiouns- a Wënzerbetriber aléisen.
D‘Lëscht mat de Betriber wou deelhuele fannt Dir zesumme mat de Bongen an Ärer Bréifkëscht oder an dësem Dokument: Commerces-participants_NF_2026
Mir wënschen Iech e schéinen Nationalfeierdag.
Eis Beem loosse sech weisen!
Hëlleft eisen natierlechen Patrimoine ze schützen andeems Dir besonnesch schützenswäert Beem op arbresremarquables.lu mellt!
Hei fannt Dir nach de Formulaire an e Guide:
Opruff | Terrainen a Gebaier gesicht
Architekturconcours vom Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils am Miselerland!
03.06.2026 | Gemengerotssëtzung
Den nächste Gemengerot ass den 03.06.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Chantier Rue Enz/Place du Marché | 29-30.05.2026

De Bistrot Wäinhaus – Ehnen | Exploitant gesicht
De Bistrot Wäinhaus op 113 Route du Vin zu Ehnen (L-5416) sicht e Locataire fir säi Bistro/Restaurant
Eng eenzegaarteg Geleeënheet
De Bistro/Restaurant, mat enger Kapazitéit vun 49 Plazen, bitt:
- eng nei, professionell a voll ausgestatt Kichen,
- Terrasse an
- d’Optioun, e Festsall mat 150 Plazen ze benotzen.
Profil
- nogewisen Erfarung an der Gastronomie,
- e kulinarescht Konzept, dat zum Charakter vum Standuert passt,
- Bereetschaft, sech an d’lokal an touristescht Liewen ze integréieren.
Krittären
Follgend Ufuerderungen mussen erfëllt sinn:
- eng Autorisation de Commerce hunn,
- eng Schanklizenz hunn,
- zu Lëtzebuerg wunnen.
Ouverture: Hierscht 2026
Ofhuele vun de Bewerbungsdokumenter
D’Dokumenter kënnen am “Wäinhaus”, Route du Vin 115, L-5416 Ehnen, méindes bis freides tëscht 08:00 an 12:00 Auer ofgeholl ginn.
Areeche vun de Kandidature bis spéitstens den 18. Juni 2026 .
Déi komplett Kandidatur muss perséinlech agereecht oder per Post u follgend Adress geschéckt ginn:
“Wäinhaus”
115, route du Vin
L-5416 Ehnen
Tel.: +352 75 88 88
Email: info@museevin.lu
26.05.2026 | D’Gemeng ass mëttes zou
Ons Büroen an de Service technique (ab 11:00) bleiwen de 26.05.2026 mëttes zou.
Merci fir Ärt Verständnis
Info | 30.05.2026 Passage Course Schleck Gran & Medio Fondo
🚴🚴🏻♀️ 30.05 | Passage Schleck Gran Fondo zu Réimech
Wéinst der Vëloscourse e Samschdeg, 30.05, kann et zu Verkéiersstéierungen kommen tëscht ca. 9:00 an 12:00 Auer
Méi Informatiounen iwwer d’Course: www.sxp.lu