De Bistrot Wäinhaus – Ehnen | Exploitant gesicht

De Bistrot Wäinhaus op 113 Route du Vin zu Ehnen (L-5416) sicht e Locataire fir säi Bistro/Restaurant

Eng eenzegaarteg Geleeënheet

De Bistro/Restaurant, mat enger Kapazitéit vun 49 Plazen, bitt:

  • eng nei, professionell a voll ausgestatt Kichen,
  • Terrasse an
  • d’Optioun, e Festsall mat 150 Plazen ze benotzen.

Profil

  • nogewisen Erfarung an der Gastronomie,
  • e kulinarescht Konzept, dat zum Charakter vum Standuert passt,
  • Bereetschaft, sech an d’lokal an touristescht Liewen ze integréieren.

Krittären

Follgend Ufuerderungen mussen erfëllt sinn:

  • eng Autorisation de Commerce hunn,
  • eng Schanklizenz hunn,
  • zu Lëtzebuerg wunnen.

Ouverture: Hierscht 2026

Ofhuele vun de Bewerbungsdokumenter

D’Dokumenter kënnen am “Wäinhaus”, Route du Vin 115, L-5416 Ehnen, méindes bis freides tëscht 08:00 an 12:00 Auer ofgeholl ginn.

Areeche vun de Kandidature bis spéitstens den 18. Juni 2026 .

Déi komplett Kandidatur muss perséinlech agereecht oder per Post u follgend Adress geschéckt ginn:

“Wäinhaus”
115, route du Vin
L-5416 Ehnen
Tel.: +352 75 88 88
Email: info@museevin.lu

Méi net am Mee

01
De Mee huet elo just ugefaangen, an d’Méimaschinn bleift – beschtefalls – stoen.
Schonn fir déi 4. Kéier rifft de SIAS zesumme mat senge Partner zur Campagne „Méi net am Mee“ op.
D’Iddi ass denkbar einfach: Méi manner am Mee a looss d’Blummen an d’Bléi kommen.
Dat bedeit méi Liewensraum, méi Fudder fir eis Päiperleken, Beien, Bommelen a co.
D’Bestëbser brauche méi wéi jee eis Ënnerstëtzung, an och mir sinn op d’Bestëbsung ugewisen.
Bestellt iech gäre bei engem vun de Partner vun der Aktioun ee gratis Sticker fir op är Bréifkëscht a maacht mat beim Gewënnspill: schéckt dofir eng Foto vun ärem Gaart op moien@sias.lu oder deelt d’Foto op de soziale Medien mam Hashtag #BlummefirBestëbser

Klima- a Biodiversitéitsdag | 17.05.2026

Sidd de 17. Mee 2026 dobäi bei der 4. Editioun vum Klima- a Biodiversitéitsdag zu Rued-Sir am Centre Culturel Syrkus.

Grouss a Kleng, Naturfrënn a Virwëlzeger erwaart e flotten Dag mat engem villfältege Programm: Secondhand-Corner, Workshops, Informatiounsstänn, Expoen, e Repair Café, Shows an e Jonkplanzemaart.

  • 10h00: Faire Kaffi
    • 11h00: Offiziell Begréissung a Film-Première (Kuerzfilmer vu Schoulkanner aus der Gemeng Betzder)
    • 13h30: Science-Show mat Live-Experimenter (Die Physikanten)
    • 14h30: Kannershow “Betti a Litti spille mam Dreck” (EBL)
    • 15h30: Virtrag: “Fuerschung a Biodiversitéit an der Gemeng Betzder” (Naturmusée)
    • 16h00: Trëppeltour ​“Biodiversitéit ronderëm Rued-Sir” (Naturmusée & SIAS)

Fräi Entrée · PMR-frëndlech · erreechbar mam Zuch, Bus & Covoiturage Parking

Méi Infoen: www.klimadag.lu

Organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS an der Gemeng Betzder.

De Buet Mee-Juni 2026 ass online!

 

 

Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg

Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg ab dem 11. Mee 2026

  • Wat ännert?
    Just d’Dauer vun der Gültegkeet
    – Kanner 0-4 Joer: 2 Joer gülteg
    – Kanner 4–18 Joer: 5 Joer gülteg
    – Erwuessener: 10 Joer gülteg
  • Prozedur a Präis bleiwen déi selwecht
 
Den 8. Mee 2026 ass keng Ufro fir e Pass méiglech, ab dem 11. Mee 2026 kënnt Dir Är Ufro fir e Pass wéi gewinnt maachen
 
Méi Info: https://bit.ly/3R1E62q 

Wanderwee-Info

Update > De Wee ass erëm op!

Wanderwee-Info

Wéinst dréngende Reparaturaarbechten un enger Bréck an der Heedbach ass den Deel duerch d’Heedbach am Moment gespaart.
Dës Späerung huet en Impakt op follgend Wanderweeër: Auto-pédestre, RE1 Bësch Tours, RE 2 Heedbaach Tour, Zauberbësch-Tour a Bacchus Fitness Trail.
Merci fir Äert Verständnis