- all d’Servicer vun der Gemengeverwaltung bleiwen zou
- d’Schoulen a Maison Relaise bleiwen och zou a bidde just en Accueil un
- kee Schoultransport
- d’Réimecher Navette fiert haut net
- d’Äispiste ass zou.
Äispiste | Nei Ëffnungszäiten
Sproochecoursen

SIAS | 01.02.2024 > Konferenz mam Sven Plöger

De Buet – Januar-Februar 2024 ass online
De Buet Januar-Februar 2024 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
D’Klimateam vun der Stad Réimecht sicht nei Memberen.
D’Klimateam vun der Stad Réimecht sicht nei Memberen.
De Klimapakt, deem d’Stad Réimech 2012 bäigetrueden ass, gesäit d’Kreatioun vum engem Klimateam vir. Dëst Klimateam ass responsabel fir d’Ëmsetzung vun de Mesuren, déi d’Stad Réimech am Kader vum Klimapakt an der domadder verbonnener Verflichtung vun enger nohalteger Politik an de Beräicher Klimawandel, Energie a Mobilitéit duerchféiert. Weideres mécht d’Klimateam eng Bestandsopnam vun der Gemeng an erstellt doropshin een Aktiounsprogramm.

D’Klimateam setzt sech zesummen aus engem Klimaberoder, Vertrieder aus der Politik, der Verwaltung an de Kommissiounen, Experten, Responsabelen aus Firmen an interesséierte Bierger.
Interesséiert?
Da schéckt eis Är Kandidatur bis den 01.02.2024:
Ville de Remich | B.P. 9 | L-5501 Remich
info@remich.lu
22.12.2023 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass e Freideg, den 22. Dezember 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
15.12.2023 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass e Freideg, de 15. Dezember 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
VERBUET!!! Freedefeier & Knupperten
Freedefeier op Silvester?
NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.
Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.
Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.
Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.

Police | Preventiounscampagne Hierscht-Wanter
Hei fannt Dir Informatioune fir sécher duerch den Hierscht a Wanter ze kommen: