Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 02. a 07. Februar 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

30.01.2026 | Gemengerotssëtzung

Den nächste Gemengerot ass de 30.01.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue de Macher

Dréiaarbechten an der „Rue de Macher“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt de CGDIS e Mëttwoch, den 28. Januar 2026 tëscht 9:00 an 13:00 Auer an der „rue de Macher“ audiovisuell Dréiaarbechten, fir seng nei Kommunikatiounscampagne, duerchféiert.

Am Kader vun dësen Opname gëtt eng Héichwaasserszen simuléiert an et gëtt virum Haus Nr. 23 e Gefier vum CGDIS positionéiert. D’Gefier benotzt keng Siren an et wäert nëmmen d’Blo-Luucht ageschalt sinn.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Stad Réimech | Nei Ëffnungszäiten ab dem 02.01.2026

Receptioun & Umeldebüro

Méindeg-Donneschdeg
08:00-12:00 & 13:00-16:00

Freideg
07:00-13:00

1. Mëttwoch vum Mount (NEI)
07:00-12:00 & 13:00-18:00

Aner Servicer

Méindeg-Donneschdeg
08:00-12:00 (am Beschte mat Rdv)

Nomëttes just op Rdv

Freideg
08:00-12:00 (just op Rdv)

Freedefeier & Knupperte | NEE MERCI!

 

Freedefeier op Silvester?

NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.

Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.

Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.

Op der Affiche vun der Ëmweltberodung fannt Dir nëtzlech Informatiounen zu den Auswierkunge vum Freedefeier op ons Ëmwelt.

Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.

 

17.12.2025 | Gemengerotssëtzung

Den nächste Gemengerot ass de 17. Dezember 2025 um 16:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

Är Kreativitéit ass gefrot fir e Miniprojet fir LEADER Miselerland

Dir hutt eng Iddi fir e Miniprojet am Miselerland ?

LEADER Miselerland fërdert Är innovativ Iddi an de Beräicher Kultur & Jugend!

  1. Wat gëtt ënnerstëtzt?
    LEADER Miselerland fërdert innovativ Aktivitéiten a nei Offeren an de Beräicher Jugend & Kultur ënnert der Viraussetzung, dass d’Iddi vun der lokaler Bevëlkerung, klenge Veräiner oder benenvollen Initiativen aus dem Miselerland kënnt.
    Beräich „Kultur“: hei si Miniprojeten ronderëm déi kulturell Offer a Kulturgeschicht méiglech, vu Kënschtler, iwwer d’Kulturlandschaft, Brauch a Kulturierwen, vun der regionaler Identitéit bis iwwer de Kulturtourismus….
    Beräich „Jugend“: hei si Miniprojeten betreffend Jugendaarbecht, Bedeelegungsformater fir Jugendlecher, Eventer fir jonk Erwuessener…. méiglech.
  2. U wie riicht sech dësen Opruff?
    LEADER Miselerland viséiert besonnesch kleng Projete mat klenger Finanzéierung, déi awer innovativ sinn a vu lokalen oder regionalen Acteuren a Veräiner am Benevolat oder mat gemengnëtzegem Charakter an d’Liewe geruff ginn.
  3. Bäihëllefen
    An dësem Opruff si finanziell Bäihëllefe vun 20.000 € € zur Verfügung. Zouschëss vun 1.000 € bis maximal 4.000 € pro Miniprojet si méiglech, sou dass mindestens 5 Miniprojeten kënnen ënnerstëtzt ginn.
  4. Délai
    Schéckt Äre Projet bis spéitstens de 15. Januar 2026 per E-mail oder Post bei LEADER Miselerland: miselerland@leader.lu ¦ B.P.57, L-6793 Grevenmacher.
  5. Weider Informatiounen
    Méi Informatioune fannt Dir op www.leader.lu. Dir kënnt Iech och direkt un d’Mataarbechter vum LEADER Miselerland wenden: Sammy BEICHT / Thomas WALLRICH | 23 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher | T. 75 01 39 | E. miselerland@leader.lu

Wéi eng Iddi schlussendlech ënnerstëtzt gëtt entscheedt déi lokal Aktiounsgrupp Miselerland an hirer Sëtzung Ufank Februar 2026.

Mat Ënnerstëtzung vun

Staying Alive LU | eng nei App vum CGDIS déi Liewe rette kann!

Bei engem Häerzstëllstand zielt all Sekonn – a mat der neier App „Staying Alive LU“ vum CGDIS kënnt och Dir ab elo Liewe retten!

Kënnt et zu engem Häerzstëllstand bei Iech an der Géigend?

  • Dir gitt als registréierten Éischthelfer (Cardiac First Responder) vum CSU-112 iwwer d’App alarméiert,
  • Dir kommt op d’Asazplaz
  • a féiert d’Häerzmassage duerch, bis de Rettungsdéngscht do ass.

Net jidderee huet eng Éischt-Hëllef-Ausbildung, mee jidderee kann hëllefen!

D’App bitt nach weider Méiglechkeeten:

  • Dir kënnt d’Positioune vun den Defibrillatoren (AED) am ganze Land konsultéieren an adaptéieren
  • oder den nächstgeleeënen AED fannen an op d’Asazplaz bréngen, fir de Cardiac First Responder z’ënnerstëtzen.

Luet Iech d’App erof – Zesumme kënne mir Liewe retten!

Méi Informatiounen: Stayinalive.lu

Source: CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours