Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen

Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen

Hutt Dir eng aarteräich Wiss oder e geschützte Fiichtgebitt op Ärem Terrain?
Da kënnt Dir ab elo vum neie Klimabonus vum Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité profitéieren!
👉 Kuckt op geoportail.lu no, ob Är Fläch eligibel ass. Weider Infos fannt Dir um Flyer.
🤝 Gäre kënnt Dir de SIAS kontaktéieren, wann Dir Hëllef oder Rotschléi fir d’Bewirtschaftung oder d’Restauratioun vu Fiichtgebidder oder Wise braucht.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 03. an 11. November 2025 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

De Buet November-Dezember 2025 ass online!

i nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Route barrée Place du Marché | 05.-07.11.2025

Route barrée Place du Marché

Wéinst Aarbechtenn vun der Stroossebauverwaltung (Administration des Ponts et Chaussées) ass d’Place du Marché vum 05. bis 07. November 2025 gespaart.

Impakt op den ëffentlechen Transport & d’Réimecher Navette

  • Ëffentlechen Transport > Informatiounen zu Ännerungen fannt Dir e puer Deeg virun den Aarbechten op mobiliteit.lu.
  • Réimecher Navette > ët kann zu Verspéidunge kommen.

Info Juegdsaison

Opgepasst | D‘Juegdsaison huet ugefaangen!
Klappjuegd zu Réimech: 23.11.2025
Op Geoportail fannt Dir all d’Datumer vun de Juegden: http://g-o.lu/3/mS8t

Grenzbréck Réimech-Nenneg gespaart | 11.-13.10.2025

🚧🚧 Grenzbréck Réimech-Nenneg gespaart | 11.-13.10.2025 bis um 05:00 Auer
 
🟠 B 406 – Aarbechten Perl – Nennig
 
Den däitsche Landesbetrieb fir Stroossebau (LfS) huet matgedeelt, dass samschdes, den 11. Oktober 2025 mat dréngende Fräs- an Asphaltaarbechten un der Bréck 153 op der B 406 zu Perl-Nennig ugefaange gëtt. 
Bedéngt duerch déi schmuel Strooss ginn d’Aarbechten ënnert Vollspäerung duerchgefouert. De Verkéier gëtt iwwer Perl a Schengen op Réimech ëmgeleet an ëmgedréint an d’Ëmleedung ass ausgeschëldert.
Ännerungen am Busverkéier gi vun de jeeweilege Bedreiwer matgedeelt. 
Den LfS rechent mat Problemer am Verkéier. 
Wiederbedéngten Ännerungen am Zäitplang si méiglech. 

Kennt Dir Är Nopere schon?

Wie wäre es, wenn heute der Anfang einer Begegnung mit Ihrer Nachbarin oder Ihrem Nachbarn wäre?

Zum Internationalen Tag der älteren Menschen starten das Ministerium für Familie, Solidarität, Zusammenleben und Unterbringung von Flüchtlingen, die Polizei und GERO eine Kampagne, um Nachbarschaften zu stärken – besonders die Verbindung zu älteren Mitmenschen.

Eine kleine Geste kann viel bewirken: wagen Sie die Begegnung!

Wie können Sie teilnehmen?

  • Laden Sie sich die Karte auf www.jipa.lu runter.
  • Laden Sie Ihre Nachbarin oder Ihren Nachbarn ein: 
    • Am besten eine Person, die älter ist als Sie.
    • Tragen Sie Ihre Kontaktdaten ein.
    • Wählen Sie eine Aktivität aus unseren Vorschlägen oder schlagen Sie Ihre eigene vor.
    • Werfen Sie die Karte in den Briefkasten der Nachbarin oder des Nachbarn Ihrer Wahl oder übergeben Sie sie persönlich.
  • Teilen Sie einen geselligen Moment
    • Finden Sie eine gemeinsame Zeit.
    • Nutzen Sie die Gelegenheit, um sich auszutauschen, etwas zu teilen und neue Verbindungen zu schaffen.

Teilen Sie Ihre Begegnung mit uns

Senden Sie nach Ihrem Treffen ein Foto oder eine kurze Nachricht über Ihr Erlebnis an info@gero.lu. Die schönsten Fotos sowie die berührendsten oder überraschendsten Anekdoten werden in der nächsten Ausgabe des Magazins geroAKTIV veröffentlicht.

Strossespäerung | Avenue Lamort-Velter – Verlängerung

🚧🚧 Strassensperrung „Avenue Lamort-Velter“ | Verlängerung bis den 03.10.20205
🟠 Die Avenue Lamort-Velter ist wegen umfangreicher Arbeiten am Wassernetz bis auf weiteres für den gesamten Verkehr gesperrt. Der Zugang für Anwohner bleibt möglich.
🚌 Die Haltestellen des Pendelbusses der Stadt Remich in der Avenue Lamort-Velter werden daher nicht angefahren.

Opruff | Inventaire vu private Pëtzer a Buerungen

D’Waasserverwaltung wëllt een Inventaire vun alle private Pëtzer a Buerungen erstelle fir de Schutz vun eisem Grondwaasser laangfristeg kënnen ze garantéieren.
Wann dir heivunner betraff sidd da mellt iech iwwert de Meldeformular.
Weider Informatioune fannt Dir an den Dokumenter op der lénkser Säit.