18.06.2025 | Opgepasst Coupe scolaire zu Réimech

Tëschen 08:00 an 12:00 Auer ass d’Coupe scolaire zu Réimech, e Concours fir ons jonk Vëlosfuerer op de Stroosseverkéier virzebereeden an hir Sécherheet um Vëlo ze fërderen.

Respektéiert haut besonnesch gutt d’Vitesselimitatiounen a passt gutt op déi jong Vëlosfuerer op!

Plang vum Trajet: Plang Coupe scolaire 2025

Traffik Info | 31.05.2025 Passage Flèche du Sud

Passage Vëloscourse: N2 aus Richtung Bous – CR152a (Route de Luxembourg) – Route de Mondorf – Richtung Scheierbierg.

Kuerzfristeg Traffikproblemer tëscht 13:00 an 13:30 méiglech.

Am Numm vum Organisateur soe mir Merci fir Äert Verständnis

Info | 24.05.2025 Passage Course Schleck Gran & Medio Fondo

🚴🚴🏻‍♀️ 24.05 | Passage Schleck Gran Fondo zu Réimech

Wéinst der Vëloscourse dëse Samschdeg, 24.05, kann et zu Verkéiersstéierungen kommen tëscht ca. 9:00 an 12:00 Auer

🚗🚕Verkéier:
– N10 (Esplanade/Route de Stadbredimus) Sens unique a Richtung Stadbriedemes ab Rue Wueswee vu 09:00 bis 12:00.
– Sortie Cité Buschland iwwer Rue Wueswee.
– Entrée Cité Buschland iwwer Rue Hierzigsberg.

🚌 Ëffentlechen Transport:
– Ännerungen bei de Linnen 341, 342, 411 a 413 > mobiliteit.lu

Méi Informatiounen iwwer d’Course: www.sxp.lu

De Buet Mee-Juni 2025 ass online!

 

De Buet Mee-Juni ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.