Biergerowend | 21.03.2025

De Schäfferot invitéiert seng Bierger op  Biergerowend e Freideg, den 21.03.2025 um 19:00 am groussen Zelt um Parking bei der Piscine.

Bei engem Patt kritt Dir lafend a künfteg Projeten virgestallt, gitt méi iwwer ons Eventer gewuer a kritt an Abléck an d’Zesummeliewen an der Gemeng.

Musikalesch Animatioun ass garantéiert (DJ Hofmeister), an fir Iessen a Gedrénks suergt den Organisatiounscomité vun der Cavalcade.

Mir freeën eis Iech deen Owend ze begréissen.

 

leneda.lu | Nei national Energieplattform

Creos informéiert iwwer déi nei Energiedatenplattform leneda.lu. Dës Plattform soll d’Verwaltung vun den Donnéeën vum Energiesektor vereinfachen a méi sécher maachen. Zousätzlech bitt lenada.lu den Zougang zu de Verbrauchs- a Produktionsdonnéeën.

Vun Abrëll 2025 un muss Dir eng Energie ID hun fir all Transaktiounen wéi z.B. Plënneren (privat oder fir Äre Commerce), Ufroen oder Ännerungen vum Stroumuschloss.

Croix-Rouge Buttek | Keng Spende virun der Dir ofstellen

De Croix-Rouge Buttek erënnert drun, dass d’Spende just wärend den Ëffnungszäiten ugeholl gin.
Weg keng Spenden virun d’Dir stellen!
Ëffnungszeiten
Méindeg: 13:30-17:00
Dënschdeg: 09:30-12:30 & 13:30-17:00
Mëttwoch: Geschlossen
Donneschdeg: 14:30-19:00
Freideg: 09:00-13:00

14.03.2025 | Inklusive Basketball Match

🏀🏆 14.03 ab 16:30 Auer | Inklusive Basketball Match mat de Buergermeeschteren vun den i³ Gemengen, de Special Olympics Luxembourg & Special Olympics Saarland e.V.
📍 Sportshal Perl, Auf dem Sabel 4, D-66706 Perl
Gratis Entrée.

Är Kreativitéit ass gefrot fir e Miniprojet fir LEADER Miselerland

Dir hutt eng Iddi fir e Miniprojet am Miselerland ?

LEADER Miselerland fërdert Är innovativ Iddi an de Beräicher Kultur & Jugend!

  1. Wat gëtt ënnerstëtzt?
    LEADER Miselerland fërdert innovativ Aktivitéiten a nei Offeren an de Beräicher Jugend & Kultur ënnert der Viraussetzung, dass d’Iddi vun der lokaler Bevëlkerung, klenge Veräiner oder benenvollen Initiativen aus dem Miselerland kënnt.
    Beräich „Kultur“: hei si Miniprojeten ronderëm déi kulturell Offer a Kulturgeschicht méiglech, vu Kënschtler, iwwer d’Kulturlandschaft, Brauch a Kulturierwen, vun der regionaler Identitéit bis iwwer de Kulturtourismus….
    Beräich „Jugend“: hei si Miniprojeten betreffend Jugendaarbecht, Bedeelegungsformater fir Jugendlecher, Eventer fir jonk Erwuessener…. méiglech.
  2. U wie riicht sech dësen Opruff?
    LEADER Miselerland viséiert besonnesch kleng Projete mat klenger Finanzéierung, déi awer innovativ sinn a vu lokalen oder regionalen Acteuren a Veräiner am Benevolat oder mat gemengnëtzegem Charakter an d’Liewe geruff ginn.
  3. Bäihëllefen
    An dësem Opruff si finanziell Bäihëllefe vu méi wéi 24.687 € zur Verfügung. Zouschëss vun 1.000 € bis maximal 4.000 € pro Miniprojet si méiglech, sou dass mindestens 6 Miniprojeten kënnen ënnerstëtzt ginn.
  4. Délai
    Schéckt Äre Projet bis spéitstens de 5. Abrëll 2025 per E-mail oder Post bei LEADER Miselerland: miselerland@leader.lu ¦ B.P.57, L-6793 Grevenmacher.
  5. Weider Informatiounen
    Méi Informatioune fannt Dir op www.leader.lu. Dir kënnt Iech och direkt un d’Mataarbechter vum LEADER Miselerland wenden: Sammy BEICHT / Thomas WALLRICH | 23 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher | T. 75 01 39 | E. miselerland@leader.lu

Wéi eng Iddi schlussendlech ënnerstëtzt gëtt entscheedt déi lokal Aktiounsgrupp Miselerland an hirer Sëtzung vum 28. Abrëll 2025.

 

Route barrée Rue Dauvelt & Rue St Nicolas

🚧🚧 Route barrée Rue Dauvelt & Rue St. Nicolas
 
🟠 Vum 13.01.2025 bis de 24.01.2025 ass d’Rue Wenkel tëscht den Haiser 2-4 gespaart | Demandeur: Firma Kuhn > Aarbechten um Haus no. 4 Rue Dauvelt
 
🟢 Vum 13.01.2025 bis de n 31.01.2025 ass d’Rue St Nicolas tëscht den Haiser 27-31 gespaart. | Demandeur: XLG Luxembourg sàrl > Aarbechten um Haus no. 29 Rue St Nicolas