De Buet September-Oktober 2024 ass online

De Buet September-Oktober 2024 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Ëffentlechen Transport | Zousätzlech Faarten fir d’Schueberfouer 2024
Benotzt den ëffentlechen Transport fir Äre Besuch op der traditionneller Schueberfouer an der Stad Lëtzebuerg !
Fir d’Dauer vun der Schueberfouer (23.08-12.09.2024) goufen zousätzlech Faarten ageriicht.
Méi Informatiounen : zousätzlech Faarten Réimech | all zousätzlech Faarten
Reewaasser clever notzen
Reewaasser notzen hëlleft net nëmmen, wäertvollt Drénkwaasser ze spueren, mee reduzéiert beispillsweis och d’Belaaschtung vun Ofwaassersystemer. Clever agesat ka Reewaasser fir d’Bewässerung vum Gaart, fir d’Toilette ze spullen oder fir d’Autoen ze wäschen, respektiv soss am Baussenberäich agesat ginn, wat d’Ëmwelt an de Portemonni schount. D’Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) huet dozou eng Inforgrafie erstallt: EBL Infografik_Reewaasser
Sun & Wind | Nei Luedstatioun beim Centre visit Remich
De Modell Sun & Wind ass eng netzonofhängeg Luedstatioun. Duerch en integréierte Solarmodul an eng effizient Wandturbinn kann dës Luedstatioun onofhängeg vun de Wiederkonditiounen Strom produzéieren a späicheren.
D’Benotzen ass ganz einfach:
- dréckt op de grénge Knäppchen🟢
- soubal déi gréng Luucht ugeet kënnt Dir 1 Stonn laang Är Geräter gratis lueden
ℹ️ lueden iwwer normale Stecker oder USB-Uschloss méiglech
24.07.2024 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass e Mëttwoch, de 24. Juli 2024 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
D’Gemeng ass zou vum 19.-22.07.2024 inclus
Mir sinn um Plënneren!
Fir d’Dauer vun de Renovéierungsaarbechten vum aktuellen Gemengenhaus plënneren d’Servicer vun der Stad Réimech 50 m méi wäit op d’Nummer 6, Rue Enz (virdrun BIL).
Dofir bleiwen all ons Servicer vum 19. – 22. Juli inclus zou.
Den 23. Juli 2024 si mir wéi gewinnt op der neier Adress fir Iech do !
Harespelen | Nëtzlech Informatiounen
D’Harespelen hunn hire Notze fir d’Natur a sinn net geféierlech fir de Mënsch, wa si net bedrot sinn. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mee mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor. Dofir wëll d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg mat dësem Dossier, iwwer déi verschidde Méiglechkeeten informéieren, wéi ee mat den Harespelen zesummeliewe kann.
Hei fannt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer Harespelen: Wespenratgeber
(Source: EBL)
Pass & Carte d’identité | Problem behuewen
Den technesche Problem gouf behuewen sou dass Dir Är Ufro fir e Pass oder eng Carte d’identité bei ons Biergeramt maachen.
De Buet Juli-August 2024 ass online
De Buet Juli-August 2024 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
