Foyer du jour Muselnascht

De Foyer du Jour MUSELNASCHT gouf am Joer 1993 gegrënnt an ass eng Betreiungsariichtung déi mam Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend konventionéiert ass an duerch d’asbl Foyer de Jour Muselnascht verwalt gëtt.

Ëffnungszäiten

  • Méindeg – Freideg vu 07:00 bis 19:00 Auer

Altersgruppen

  • Grupp “Maisercher” – Kanner vun 2 bis 18 Méint
  • Grupp “Himmelsdéiercher” – Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer

Weider Informatiounen

  • Kapazitéit: 32 Plazen
  • Umeldung: hallef Deeg oder ganz Deeg
  • Chèque-service: profitéiert vun enger finanzieller Ënnerstëtzung fir d’Betreiung vun Ärem Kand, 20 gratis Stonnen ab dem Alter vun 12 Méint abegraff.

Firwat sech fir de Foyer du Jour Muselnascht entscheeden?

  1. Perfekte Standuert
    A Proximitéit zum Altersheem bitt de Foyer de Jour e rouegt an ureegend Ëmfeld mat engem privaten a gesécherte Gaart fir ze spillen an ze entdecken, e Park an direkter Noperschaft fir Spadséiergäng an Aktivitéiten dobaussen an eng geséchert Spillplaz fir déi motoresch Entwécklung ze fërderen an de Kanner genuch Ofwiesslung ze bidden.
  2. Lokaalt an inklusiivt Engagement
    D’Plaze gi prioritär u Kanner mat Wunnsëtz zu Réimech oder Kanner aus sozial benodeelegte Famillje verginn.
  3. Méisproochegkeet
    An engem méisproochegen Ëmfeld kënnen d’Kanner sech ganz natierlech mat de verschiddene Sprooche vertraut maachen, an dat vu Klengem un.
  4. Eng qualifizéiert an engagéiert Ekipp
    D’Ekipp besteet aus Erzéier, Kannerinfirmieren, Betreier fir dass all Kand mat der néideger Opmierksamkeet a senger physescher, sozialer, emotionaler a sproochlecher Entwécklung ka begleet ginn.
  5. E gutt ëmsuergten a beräicherend Ëmfeld
    Ofwiesslungsräich Aktivitéiten (kreativ Workshops, Spiller am Fräien, sensoresch Entdeckungen, Visitten an Ausflich, Turne mat Senioren….), Pause fir ze raschten a soumat fir e Gläichgewiicht tëscht Ureegung an Entspanung ze suergen a net ze vergiessen dem Fokus op eng intensiv Partnerschaft mat der Famill mëttels enger oppener Kommunikatioun.

Umeldung a Kontakt

  • Umeldung: iwwer de Formulaire
  • Kontakt: T. (+352) 23 69 97 15 | E. muselnascht@remich.lu