Cavalcade | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verëffentlecht:15.03.2023

Verkéier

Sonndes, de 19. Mäerz 2023 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 an 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.

Zréck