Méi wéi Beien – ziel mat!

Verëffentlecht:08.06.2023

Ënnert dem Motto “Méi wéi Beien – ziel mat!” rifft natur & ëmwelt all d’Frënn vun der Natur dozou op, vum 09.-18. Juni bei der dësjäreger Insektenzielung matzemaachen! 🪲🦋🪰🐞

Zielt wärend enger Stonn (tëschent 10:00 a 16:00 Auer) a bei sonnegem Wieder, wa net ze vill Wand ass, d’Insekten an Ärem Gaart, Bongert, asw.

Passt op, dass dir an engem Radius vun 10m bleift.

Bestëmmt déi verschidden Insekten-Aarten

Är Beobachtungen kënnt Dir via Online-Formulaire areechen (gëtt eréischt den 09.06. fräigeschalt) 👉 https://de.surveymonkey.com/r/meiweiBeien

Jiddereen dee matmécht, hëlt automatesch Deel um grousse Gewënnspill!
Ze gewanne gëtt et eng Visite guidée vum Haus vun der Natur mat engem Akafsbong vun 50€ fir an de Shop Nature (1. Plaz), d’Buch “Insektenwelt für Ahnungslose, Krabbeltiere sehen und lieben lernen” (2.-5. Plaz), oder Insektenhoteler (6.-10. Plaz). 😍

 

Zréck