Léif Biergerinnen a Bierger,
wéinst der unhalender Dréchent an dem héije Waasserverbrauch sinn d’Waasserreserve vun der Stad Réimech an de leschte Wochen däitlech zeréckgaangen.
Mir appelléieren dofir un all Awunnerinnen an Awunner nëmmen nach déi absolut noutwenneg Quantitéit un Drénkwaasser ze verbrauchen.
Esou kënnt Dir hëllefen:
- Duscht nëmme kuerz an evitéiert et an d’Bidden ze goen.
- Dréit de Krunn wärend dem Zännwäschen zou.
- Benotzt d’Wäsch- an d’Spullmaschinn nëmme wann se voll geluede sinn.
- Verzicht op d’Bewässere vum Wues
- Nätzt Är Planzen nëmme moies oder owes.
- Verzicht op d’Fëllen oder d‘Nofëlle vu Schwämmen
- Wäscht Ären Auto net doheem, mee just a professionelle Waschanlagen.
- Kontrolléiert Är Waasserleitungen a Krunnen op méiglech Fuitten.
Aus dësem Grond gëtt just nach deen Deel vum Waasserspill op der Place Kons genotzt dee mat Reewaasser bedriwwe gëtt. D’Niwwelmaschinn vum Waasserspill, déi mat Drénkwaasser bedriwwe gëtt, gëtt temporär ausgeschalt.
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Solidaritéit.