Bongenaktioun Nationalfeierdag | Lëscht mat Betriber wou matmaachen

 

 

Léif Awunnerinnen an Awunner,

Déi nächst Deeg fannt Dir an Ärer Bréifkëscht d’Bongen déi d’Stad Réimech fir de Nationalfeierdag all Réimecher Awunner offréiert.

Dir kënnt Är Bongen an de Réimecher Restauratiouns- a Wënzerbetriber aléisen.

D‘Lëscht mat de Betriber wou deelhuele fannt Dir zesumme mat de Bongen an Ärer Bréifkëscht oder an dësem Dokument: Commerces-participants_NF_2026

Mir wënschen Iech e schéinen Nationalfeierdag.

Klima- a Biodiversitéitsdag | 17.05.2026

Sidd de 17. Mee 2026 dobäi bei der 4. Editioun vum Klima- a Biodiversitéitsdag zu Rued-Sir am Centre Culturel Syrkus.

Grouss a Kleng, Naturfrënn a Virwëlzeger erwaart e flotten Dag mat engem villfältege Programm: Secondhand-Corner, Workshops, Informatiounsstänn, Expoen, e Repair Café, Shows an e Jonkplanzemaart.

  • 10h00: Faire Kaffi
    • 11h00: Offiziell Begréissung a Film-Première (Kuerzfilmer vu Schoulkanner aus der Gemeng Betzder)
    • 13h30: Science-Show mat Live-Experimenter (Die Physikanten)
    • 14h30: Kannershow “Betti a Litti spille mam Dreck” (EBL)
    • 15h30: Virtrag: “Fuerschung a Biodiversitéit an der Gemeng Betzder” (Naturmusée)
    • 16h00: Trëppeltour ​“Biodiversitéit ronderëm Rued-Sir” (Naturmusée & SIAS)

Fräi Entrée · PMR-frëndlech · erreechbar mam Zuch, Bus & Covoiturage Parking

Méi Infoen: www.klimadag.lu

Organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS an der Gemeng Betzder.

Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg

Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg ab dem 11. Mee 2026

  • Wat ännert?
    Just d’Dauer vun der Gültegkeet
    – Kanner 0-4 Joer: 2 Joer gülteg
    – Kanner 4–18 Joer: 5 Joer gülteg
    – Erwuessener: 10 Joer gülteg
  • Prozedur a Präis bleiwen déi selwecht
 
Den 8. Mee 2026 ass keng Ufro fir e Pass méiglech, ab dem 11. Mee 2026 kënnt Dir Är Ufro fir e Pass wéi gewinnt maachen
 
Méi Info: https://bit.ly/3R1E62q 

Onse neien Offall-Guide ass do! 

All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.

Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!

Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.

Kuckt elo eran: Offall-Guide

 

wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten

wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten

Sidd Dir op der Sich no neie Wengertsparzellen oder wëllt Dir Flächen verpachten respektiv verkafen?

Mat wengertsbourse.lu start déi nei Online-Plattform fir d’Lëtzebuerger Muselregioun. Am Kader vum LEADER-Miselerland-Projet „Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement“ gouf dës Internetsäit entwéckelt, fir Offer an Nofro un der Musel einfach an neutral zesummenzebréngen.

Är Virdeeler op ee Bléck:

  • An manner wéi 2 Minutten ass Är Annonce online.
  • Automatesch Integratioun vun de FLIK-Donnéen (Lag, Hangneigung, asw.).
  • 1-zu-1 Vermëttlung inklusiv Chat-Funktioun.
  • Regional & gratis: D’Bourse fir déi Lëtzebuerger Musel.

Hei geet et direkt op d’Plattform: https://wengertsbourse.lu/ oder scannt einfach de QR-Code mat Ärem Handy.

KONTAKT:

Felix WEYER,  Koordinateur vum Projet «Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement» vum LEADER Miselerland

E. felix.weyer@leader.lu | T. (+352) 75 01 39 | Mé -Dë 8:00 – 17:00 & Më 8:00 – 12:00