Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg ab dem 11. Mee 2026
- Wat ännert?
Just d’Dauer vun der Gültegkeet
– Kanner 0-4 Joer: 2 Joer gülteg
– Kanner 4–18 Joer: 5 Joer gülteg
– Erwuessener: 10 Joer gülteg
- Prozedur a Präis bleiwen déi selwecht

Mëttwochs, den 22. Abrëll 2026 fier d’Réimecher Navette ab 14 Auer NET méi.
Ab dem 23.04.2026 fiert se nees nom normale Plang.
All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.
Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!
Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.
Kuckt elo eran: Offall-Guide
wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten
Sidd Dir op der Sich no neie Wengertsparzellen oder wëllt Dir Flächen verpachten respektiv verkafen?
Mat wengertsbourse.lu start déi nei Online-Plattform fir d’Lëtzebuerger Muselregioun. Am Kader vum LEADER-Miselerland-Projet „Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement“ gouf dës Internetsäit entwéckelt, fir Offer an Nofro un der Musel einfach an neutral zesummenzebréngen.
Är Virdeeler op ee Bléck:
Hei geet et direkt op d’Plattform: https://wengertsbourse.lu/ oder scannt einfach de QR-Code mat Ärem Handy.
KONTAKT:
Felix WEYER, Koordinateur vum Projet «Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement» vum LEADER Miselerland
E. felix.weyer@leader.lu | T. (+352) 75 01 39 | Mé -Dë 8:00 – 17:00 & Më 8:00 – 12:00
Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Tëscht dem 02. a 07. Februar 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.
D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Empfang und Einwohnermeldeamt
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 und 13:00-16:00
Freitag:
07:00-13:00
Jeden ersten Mittwoch im Monat :
08:00-12:00 und 13:00-19:00
Kommunale Kasse, Marketing- und Tourismusabteilung, Personalbüro, Sekretariat und technischer Dienst
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 (bevorzugt mit Termin)
Nachmittags nur mit Termin
Freitag:
08:00-12:00 (nur mit Termin)
6, rue Enz
L-5532 Remich
Postfach:
B.P. 9
L-5501 Remich
Durch Anklicken der gewünschten Kategorien werden diese auf der Karte angezeigt.
Entrez un mot-clé pour lancer et faciliter votre recherche ou utilisez notre outil de recherche rapide.