Formulaire Subside douce Mobilitéit
Avis RGTR | Ännerungen Buslinnen – Route barrée Place du Marché – 05.-07.11.2025
Route barrée Place du Marché | 05.-07.11.2025
Route barrée Place du Marché
Wéinst Aarbechtenn vun der Stroossebauverwaltung (Administration des Ponts et Chaussées) ass d’Place du Marché vum 05. bis 07. November 2025 gespaart.
Impakt op den ëffentlechen Transport & d’Réimecher Navette
- Ëffentlechen Transport > Informatiounen zu Ännerungen fannt Dir e puer Deeg virun den Aarbechten op mobiliteit.lu.
- Réimecher Navette > ët kann zu Verspéidunge kommen.
GO electric day 2025 | 19.10.2025
Interesséiert Dir Iech fir Elektroautoen?
Dir wëllt vergläichen, testen, verstoen – oder einfach mat Ärer Famill e schéinen Dag ronderëm d’Elektromobilitéit verbréngen?
Da sidd Dir beim GO electric day genee richteg!
De Sonnden, 19. Oktober 2025, an der Coque (Kierchbierg) erwaart Iech en eenzegaartegen nationalen Event, organiséiert vu Klima-Agence an dem ACL:
- Alles iwwert Elektromobilitéit: Méi wéi 35 elektresch Autoen entdecken, an dovunner méi wéi 25 direkt op der Plaz testen a vergläichen
- Informatiounen iwwer Luedstatiounen (Eefamilljenhaus oder Residence) kréien a sech zu Finanzéierung a Leasing berode loossen
- Spaass fir d’ganz Famill: Aktivitéiten, Animatiounen a Workshops fir Grouss a Kleng esouwéi e grousse Concours mat flotte Präisser
📅 19. Oktober 2025, 10–18 Auer
📍 Coque, Kierchbierg – Fräien Entrée
Gratis umellen a Plaz am Concours sécheren: goelectric.lu
Navette | Ëmfro
Klima Agence | Luedstatioune vergläichen
Aarbechten Centre visit Remich | Gare routière zou

Avis RGTR | Ännerunge vun de Buslinnen Cavalcade 2025
Nightlifebus | Fuerplang Silvester 2024