Nightlifebus | Fuerplang Silvester 2024
Klima Agence | Bilan vun den Aktivitéiten a nei Campagne
Bilan vun den Aktivitéiten
De 15. Oktober 2024 huet Klima Agence de Bilan vun hirer onofhängeger a gratis Berodungsoffer gezunn an déi national Sensibiliséierungscampagne virgestallt. Am Mëttelpunkt stoungen d’Aktivitéiten um Niveau vun de Stéit, de Gemengen an de professionellen Acteure. Mam Zil den Energie- a Klimasujet nach méi accessibel no baussen ze droen, lancéiert Klima Agence och nach de “Solar Challenge”- Concours an en Appel à projets fir déi energeetesch Renovatioun vu Residencen ze encouragéieren. De Communiqué mat all den Detailer fannt dir hei: Communiqué de Presse
Sensibiliséierungscampagne
D’Zil vun dëser Campagne ass et der Klima Agence hir Expertise a Begleedungsoffer an de Mëttelpunkt ze stellen. Fir e Projet an der energeetescher Transitioun ëmzesetze brauch een déi richteg Informatiounen. Egal ob et drëms geet säin Doheem ze isoléieren, eng Photovoltaikanlag ze installéieren, mat erneierbaren Energien ze hëtzen oder op Elektromobilitéit ëmzeklammen : Klima-Agence ënnerstëtzt all d’Acteure bei hire Klima- an Energieprojeten. Alles op enger Plaz a mat Léisungen déi op all Situatioun ugepasst sinn.
Solar Challenge
De Solar Challenge huet d‘Zil all d’Akteuren zu Lëtzebuerg – Gemengen, Bierger, an Entreprisen – matzehuelen an unzereegen, nach méi Stroum duerch Solarenergie ze produzéieren.
Weider Informatiounen: solarchallenge.lu
Nightlifebus | Fuerplang 26. & 27.10.2024
RGTR | Zousätzlech Faarten Schueberfouer 2024 – all Linnen
RGTR | Zousätzlech Faarten Schueberfouer 2024 – Réimech
OekoTopten | Info Pedelec
Cavalcade 10.03.2024 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport
Verkéier
Sonndes, den 10. Mäerz 2024 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.
Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.
Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.
Ëmleedungen si gezeechent.
Ännerungen am ëffentlechen Transport
Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.
Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.
Chantier Esplanade | Transfert Busarrêt “Maatebierg”
Wéinst dem Chantier op der Esplanade gëtt de Busarrêt Maatebierg vum 26.02-24.05.2024 op d’Héicht vum Haus n°49 verluecht.
Chantier Rue de la Cité | Transfert Busarrêt a Sens unique Rue de la Corniche
Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité gëtt de Busarrêt Rue Belvedère vum 19.02-19.04.2024 op d’Héicht vum Haus n°13, Rue de la Cité verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.
Zousätzlech gëllt an der Rue de la Corniche e Sens unique vun der Rue de la Cité aus a Richtung Kräizung Rue des Bateliers vum 19.02-22.03.2024.
Merci fir Äert Verständnis.