Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue Neuve

Dréiaarbechten an der „Rue Neuve“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt SAMSA Films en Dënschdeg, den 24. Februar 2026 tëscht 16:00 an 21:00 Auer an der „Rue Neuve“ Dréiaarbechten fir de Film “Marginal” duerchféiert.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Zesummenaarbecht.

Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue de Macher

Dréiaarbechten an der „Rue de Macher“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt de CGDIS e Mëttwoch, den 28. Januar 2026 tëscht 9:00 an 13:00 Auer an der „rue de Macher“ audiovisuell Dréiaarbechten, fir seng nei Kommunikatiounscampagne, duerchféiert.

Am Kader vun dësen Opname gëtt eng Héichwaasserszen simuléiert an et gëtt virum Haus Nr. 23 e Gefier vum CGDIS positionéiert. D’Gefier benotzt keng Siren an et wäert nëmmen d’Blo-Luucht ageschalt sinn.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Är Poubelle huet nach keen Chip

Falls Är gro Poubelle nach keen Chip a keng Etikett mat enger Identifikatiounsnummer huet, da mellt Iech weg bei der Gemeng fir e Rendez-vous auszemaachen: (+352) 621 243 902.

Vum 4. Juli u gi Poubellen ouni Chip net méi eidel gemaach!

Offallgestioun

Recycling

Zanter Januar 2017 bitt d’Stad Réimech separat Kollekte fir recycléierbaren Offall un.

Zousätzlech kënnen d’Réimecher Awunner, déi am Besëtz vun enger entspriechender Kaart sinn, vum Recyclingszenter zu Bech-Klengmaacher profitéieren.

De SIGRE bitt och sëllege Servicer am Beräich vun der Offallentsuergung an -weiderverwäertung un. Hei kënnt Dir och Äre Kompost kafen.

D’SuperDrecksKëscht® këmmer sech ëm Spezialoffall wéi z.B. Ueleg, Fetter, asw.

Méi Informatioune fannt Dir an onsen Offallguide.

Aféierung vun engem Identifikatiouns-Systen fir Poubellen

Fir eng genau Erfaassung vum Offall an eiser Gemeng a vun all Haushalt ze maachen, goufen déi gro Poubellen a Containere gechipped. D’Offalltaxe bleiwen esou laang onverännert bis de Gemengerot nei Dispositioune gestëmmt huet.

D’Poubelle kréien eemoleg en Chip an eng Etikett mat engem Code Bar drop, dofir awer keng Etikette méi mam Joer drop.

Duerch den Chip kann d’Frequenz an d’Quantitéit vum Offall vun all Poubelle erfaasst gin a spéider och d’Taxen dorop baséiert ginn. All Bierger kann esou d’Taxe vu sengem Offall beaflossen. Mam Chip gi keng perséinlech Donnéeën enregistréiert.

Wann Är Poubelle nach keen Chip a keng Etikett mat engem Code Bar huet, mellt Iech weg an der Gemeng fir e Rendezvous auszemaachen:  (+352) 621 243 902. No dem 4. Juli 2023 ginn d’Poubellen ouni Chip net méi eidel gemaach.