De Veräin huet als Zil, de Schéiss- a Tontaubeschéisssport ze fërderen, sportlech Wettkämpf souwéi geselleg a léierräich Ausflich ze organiséieren a frëndschaftlech Bezéiunge mat inlänneschen an auslännesche Schéissveräiner opzebauen.
Amicale CIS Réimech
EFF CEE KAA Fanclub Lëtzebuerg
LuciliVines – Femmes et vins Luxembourg
Ziler vun der Associatioun “LuciliVines – Femmes et vins Luxembourg”:
- Eng Plattform fir den Austausch tëscht Fraen am Wäibau vun der Lëtzebuerger Muselregioun ze etabléieren an d’berufflech Entwécklung ze fërderen
- Wënzerinnen déi net haaptberufflech am Wäibau täteg sinn ënnerstëtzen
- Projeten an Initiative fërderen an ënnerstëtzen
- Wäiner vun der Lëtzebuerger Musel fërderen
- D’Engagement vun de Lëtzebuerger Fraen am Wäibau ervirhiewen
Club Wëlle Wäin
Musel’s Laf asbl
D’Ziler vun der Associatioun sinn:
- sportlech Competitiounen an Evenementer ze organiséieren, wéi de Musel’s Laf
- athletesch an sportlech Aktivitéiten ze fërderen an ze entwéckelen
- Frëndschaft tëscht de Memberen opzebauen an ze stäerken
Playcornhole.lu
Den 1. Dezember 2021 hunn eng Grupp Cornhole-Fans aus de Gemenge Réimech, Schengen a Stadbriedemes e neie Sportsclub gegrënnt, deen d’Zil huet, d’Spill Cornhole an der Muselregioun ze fërderen.
Cornhole, och bekannt als Beanbag oder Sackloch, ass e Fräizäitspill, bei deem e puer Spiller ofwiesselnd kleng Säckelcher, gefëllt mat Maiskären (Beanbags), op eng Plattform mat engem Lach werfen.
Table Ronde
Museldickserten asbl
De Zweck vun der Museldickserten asbl ass et, d’Praxis vum Pétanque als Fräizäit- oder Kompetitiounssport ze promouvéieren, souwéi all Zort sportlech an net-sportlech Evenementer ze organiséieren.
Syndicat d’Initiative et du Tourisme Remich
De Syndicat ass zoustänneg fir eng Rei touristesch Aktivitéiten, déi d’ganz Joer iwwer zu Réimech organiséiert ginn.
Seng Haaptroll ass d’Stad ze promouvéieren, d’Touristeninfo ze leeden a Visiteuren unzezéien.
Wärend der touristescher Saison organiséiert de Syndicat vill Evenementer, déi zënter e puer Joer zu Réimech net méi ewechzedenke sinn, wéi zum Beispill:
- Ouschtereeërjuegd
- Fête de la Musique
- ‘Bacchusfescht’ de 15. August
- De Kleesche kënnt mam Schëff
Zousätzlech bedreift de Syndicat eng vun de wichtegsten Attraktioune vu Réimech: de Minigolf- a Minicars-Parcours, deen nëmmen e puer Meter vun der Esplanade ewech läit.