Cavalcade 10.03.2024 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verkéier

Sonndes, den 10. Mäerz 2024 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.

Grünschnitt | Sammlung op muer (05.03) verluecht

🍂🌿Grünschnitt 🍃🌳

Leider gouf de Grünschnitt haut net wéi virgesi vun der Firma Lamesch ewech geholl.
Dir kënnt Äre Grünschnitt awer dobaussen um Trottoir stoen loossen, muer kënnt d’Firma Lamesch Äre Gaardenoffall sichen.
Merci fir d’Verständnis

De Buet Mäerz-Abrëll 2024 ass online

De Buet Mäerz-Abrëll 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Rare Disease Day | Sensibiliséierungscampagne

De 29. Februar 2024 ass de 17. Rare Disease Day (internationalen Dag vun de seltene Krankheeten). Dësen Dag ass wichteg fir d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet iwwer selte Krankheeten.

D’Stad Réimech ënnerstëtzt dës Aktioun an hëlt un der „Global Chain of Lights“ – der Beliichtung vun ëffentlechen, symbolesche Gebaier a Monumenter op der ganzer Welt an de Faarwe vum Rare Disease Day, mat der Beliichtung vum Gemengenhaus vum 21.-29.02.2024 deel.

Chantier Tunnel Markusbierg | 24-25.02.2024

Chantier am Tunnel Markusbierg (A13) vum 24.-25.02.2024 | Avis vun der Stroossebauverwaltung

Vum 24.02 ab ca. 07:00 Auer bis de 25.02. ca. 17:00 Auer gëtt déi elektromechanesch Automatiséierungs- a Kommunikatiounsinstallatioun fir d’CITA am Tunnel Markusbierg iwwerpréift.

Den Tunnel ass fir d’Dauer vun den Aarbechten a béid Richtunge gespaart:

  • De Verkéier vun der A13 a Richtung Däitschland gëtt iwwert den Echangeur Mondorf, d’N16, N2, N10 an den Echangeur Schengen ëmgeleet.
  • De Verkéier vun der A13 a Richtung Péiteng gëtt iwwert den Echangeur Schengen, d’N10, N2, N13, N16 an den Echangeur Altwiers ëmgeleet.

Info Spendesammelaktioun | Handicap International Luxembourg

Dës Woch si Mataarbechter vun  Handicap International Luxemburg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung an de Faarwe vun Handicap International an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Chantier Rue de la Cité | Transfert Busarrêt a Sens unique Rue de la Corniche

Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité gëtt de Busarrêt Rue Belvedère vum 19.02-19.04.2024 op d’Héicht vum Haus n°13, Rue de la Cité verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.

Zousätzlech gëllt an der Rue de la Corniche e Sens unique vun der Rue de la Cité aus a Richtung Kräizung Rue des Bateliers vum 19.02-22.03.2024.

Merci fir Äert Verständnis.