Rue Maatebierg | Gespaart den 21.07.2025

Rue Maatebierg

Wéinst Aarbechten an der Rue Matebierg, ass d’Strooss den 21. Juli 2025 fir de Verkéier gespaart.

Follgend Mesuren sin dowéinst néideg:

  • Accès Cité Buschland: iwwert Rue Hierzigsberg-Rue Dauvelt-Rue Wenkel-Rue Dicks
  • Sortie Cité Buschland: iwwert Rue Dicks-Rue Wueswee
  • d’Busarrêten an der Cité Buschland (Rue de la Corniche, Rue Belvedère a Rue Maatebierg) kënne net ugefuer gin (Busser & Réimecher Navette): Avis-RGTR_Cite-Buschland_20250721

D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.

D’Offallsammlunge vun deem Dag fanne statt (Pabeier, Glas, Grünschnitt).

Merci fir Ärt Verständnis.

SERVIOR Jousefshaus | Benevollen gesicht

OPRUFF

Fir d’Maison des aînés am « SERVIOR Jousefshaus » zu Réimech wëll SERVIOR eng Amicale an d’Liewe ruffen.
Dofir sichen si engagéiert Leit, déi Loscht hunn sech aktiv ze bedeelegen, als Member, President/in, Sekretär/in oder Tresorier/iere.

Ziler vun der Amicale:

  • Matgestaltung an Hëllef bei der Organisatioun vu Festen an Ausflich mat a fir d’Bewunner /innen
  • Verwaltung vun Don’en
  • Kleng Opmierksamkeeten zu besonneschen Uläss
Interesséiert oder Froen?
Da kontaktéiert den Här Tom MÜLLER, Chargé de Direction vun der Maison des aînés am SERVIOR Jousefshaus: T. (+352( 2369-7 | E-mail: t.muller@servior.lu

11. – 13.07.2025 | IRONMAN zu Réimech – Wichteg Informatiounen

IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE

Start: 08:00 / 1. Finisher géint 11:55

SIDE EVENTS

  • 11.07 | NightRun > Start: 19:30, Parking Schwämm
  • 12.07 | IRONKIDS > Start: 11:00, Parking Schwämm

All d’Informatiounen betreffend Stroossespäerungen, Parkverbueter asw. fannt Dir op der rietser Säit.

De Buet Juli-August 2025 ass online!

 

Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

18.06.2025 | Opgepasst Coupe scolaire zu Réimech

Tëschen 08:00 an 12:00 Auer ass d’Coupe scolaire zu Réimech, e Concours fir ons jonk Vëlosfuerer op de Stroosseverkéier virzebereeden an hir Sécherheet um Vëlo ze fërderen.

Respektéiert haut besonnesch gutt d’Vitesselimitatiounen a passt gutt op déi jong Vëlosfuerer op!

Plang vum Trajet: Plang Coupe scolaire 2025