Info Sammlung vun Offall | Rue des Bateliers & Nr. 8, 10 an 23 Rue de la Corniche

Informatioun un d’Awunner vun der Rue des Bateliers an den Haiser Nr. 8, 10 an 23 an der Rue de la Corniche zu Réimech

Betrëfft: Offall Sammlung

Wéinst Infrastruktur- an Ëmgestaltungsaarbechten an der Rue des Bateliers an engem Deel vun der Rue de la Corniche kann den Offall Camion dëse Beräich wärend den Aarbechten net ufueren.

Vum 24. August 2026 bis den 11. September 2026 biede mir Iech, Är Offall Behälter an Tuten um Dag vun der Offall Sammlung viru 7.00 Auer op eng vun de Sammelplazen ze stellen an se owes um selwechten Dag erëm ewech ze huelen:

 

 

 

 

Sammelpunkt 1 :
Kräizung Rue des Bateliers / Rue de la Cité

 

Sammelpunkt 2 :
Kräizung Rue de la Corniche / Rue des Pommiers

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Betraff sinn: Reschtoffall, Biotonn, Gaardenoffäll, Pabeier, Glas a Valorluxtuten.

An Ärer Bréifkëscht fannt Dir 4 Stickere mat Ärer Hausnummer. Mir bieden Iech, ee Stécker op all Offall Behälter ze pechen, fir Verwiesslungen ze vermeiden.

Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mataarbecht.

 

De Schäfferot

Route barrée | Rue Dauvelt & Rue St Nicolas

Wéinst Aarbechten am Haus Nr. 31 an der Rue St Nicolas sinn d’Rue Dauvelt an d’Rue St Nicolas bis bei d’Kräizung mat der Rue Wenkel vum 10. bis de 14. August 2026 fir de Verkéier gespaart.

WICHTEG

  • Offallsammlung (Haus- a Biomüll): Stellt Är Poubellen den Dag vun der Offallsammlung w.e.g. viru 07:00 Auer eraus a bréngt se bei de Sammelpunkt op der Héicht vun der Montée de la Chapelle.
  • Den Zougang zu den Haiser (eran an eraus) bleift iwwer d’Rue Hierzigberg oder d’Rue Wenkel méiglech.
  • De Passage fir Foussgänger bleift zu all Moment garantéiert.

D’Awunner gi gebieden, déi néideg Dispositiounen ze treffen an hir eventuell Liwweranten iwwer dës Verkéiersmoossnamen z’informéieren.

Merci fir Ärt Verständnis.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

 

Tëscht dem 27. Juli an 1. August 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Onse neien Offall-Guide ass do! 

All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.

Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!

Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.

Kuckt elo eran: Offall-Guide

 

De Buet Mäerz-Abrëll 2026 ass online!

 

i nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue Neuve

Dréiaarbechten an der „Rue Neuve“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt SAMSA Films en Dënschdeg, den 24. Februar 2026 tëscht 16:00 an 21:00 Auer an der „Rue Neuve“ Dréiaarbechten fir de Film “Marginal” duerchféiert.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Zesummenaarbecht.

Info un d’Awunner | Dréiaarbechten Rue de Macher

Dréiaarbechten an der „Rue de Macher“

Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt de CGDIS e Mëttwoch, den 28. Januar 2026 tëscht 9:00 an 13:00 Auer an der „rue de Macher“ audiovisuell Dréiaarbechten, fir seng nei Kommunikatiounscampagne, duerchféiert.

Am Kader vun dësen Opname gëtt eng Héichwaasserszen simuléiert an et gëtt virum Haus Nr. 23 e Gefier vum CGDIS positionéiert. D’Gefier benotzt keng Siren an et wäert nëmmen d’Blo-Luucht ageschalt sinn.

Mir bieden Iech, d’Strooss wärend dëser Zäit sou wäit wéi méiglech ze meiden, keng Géigestänn (Tuten, Dreckskëschten asw.) do ofzestellen a weder Vëloen nach Gefierer do ze parken.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 03. an 11. November 2025 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.