Guide des déchets
Foyer du jour Muselnascht
De Foyer du Jour MUSELNASCHT gouf am Joer 1993 gegrënnt an ass eng Betreiungsariichtung déi mam Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend konventionéiert ass an duerch d’asbl Foyer de Jour Muselnascht verwalt gëtt.
Ëffnungszäiten
- Méindeg – Freideg vu 07:00 bis 19:00 Auer
Altersgruppen
- Grupp “Maisercher” – Kanner vun 2 bis 18 Méint
- Grupp “Himmelsdéiercher” – Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
Weider Informatiounen
- Kapazitéit: 32 Plazen
- Umeldung: hallef Deeg oder ganz Deeg
- Chèque-service: profitéiert vun enger finanzieller Ënnerstëtzung fir d’Betreiung vun Ärem Kand, 20 gratis Stonnen ab dem Alter vun 12 Méint abegraff.
Firwat sech fir de Foyer du Jour Muselnascht entscheeden?
- Perfekte Standuert
A Proximitéit zum Altersheem bitt de Foyer de Jour e rouegt an ureegend Ëmfeld mat engem privaten a gesécherte Gaart fir ze spillen an ze entdecken, e Park an direkter Noperschaft fir Spadséiergäng an Aktivitéiten dobaussen an eng geséchert Spillplaz fir déi motoresch Entwécklung ze fërderen an de Kanner genuch Ofwiesslung ze bidden. - Lokaalt an inklusiivt Engagement
D’Plaze gi prioritär u Kanner mat Wunnsëtz zu Réimech oder Kanner aus sozial benodeelegte Famillje verginn. - Méisproochegkeet
An engem méisproochegen Ëmfeld kënnen d’Kanner sech ganz natierlech mat de verschiddene Sprooche vertraut maachen, an dat vu Klengem un. - Eng qualifizéiert an engagéiert Ekipp
D’Ekipp besteet aus Erzéier, Kannerinfirmieren, Betreier fir dass all Kand mat der néideger Opmierksamkeet a senger physescher, sozialer, emotionaler a sproochlecher Entwécklung ka begleet ginn. - E gutt ëmsuergten a beräicherend Ëmfeld
Ofwiesslungsräich Aktivitéiten (kreativ Workshops, Spiller am Fräien, sensoresch Entdeckungen, Visitten an Ausflich, Turne mat Senioren….), Pause fir ze raschten a soumat fir e Gläichgewiicht tëscht Ureegung an Entspanung ze suergen a net ze vergiessen dem Fokus op eng intensiv Partnerschaft mat der Famill mëttels enger oppener Kommunikatioun.
Umeldung a Kontakt
- Umeldung: iwwer de Formulaire
- Kontakt: T. (+352) 23 69 97 15 | E. muselnascht@remich.lu
Ëmwelt
An dëser Rubrik fannt Dir nëtzlech Informatiounen ronderëm d’Thema Ëmwelt:
- Biologesch Statioun SIAS
- Drénkwaasser
- Ëmweltberoder
- Energieberodung
- Energiekooperativ Kanton Remich
- Fairtrade
- Gréngflächen
- Interreg
- Klimabündnis Lëtzebuerg
- Klimapakt
- Offallgestioun
- Solarkadaster
Offallgestioun
Recycling
Zanter Januar 2017 bitt d’Stad Réimech separat Kollekte fir recycléierbaren Offall un.
Zousätzlech kënnen d’Réimecher Awunner, déi am Besëtz vun enger entspriechender Kaart sinn, vum Recyclingszenter zu Bech-Klengmaacher profitéieren.
De SIGRE bitt och sëllege Servicer am Beräich vun der Offallentsuergung an -weiderverwäertung un. Hei kënnt Dir och Äre Kompost kafen.
D’SuperDrecksKëscht® këmmer sech ëm Spezialoffall wéi z.B. Ueleg, Fetter, asw.
Méi Informatioune fannt Dir an onsen Offallguide.
Aféierung vun engem Identifikatiouns-Systen fir Poubellen
Fir eng genau Erfaassung vum Offall an eiser Gemeng a vun all Haushalt ze maachen, goufen déi gro Poubellen a Containere gechipped. D’Offalltaxe bleiwen esou laang onverännert bis de Gemengerot nei Dispositioune gestëmmt huet.
D’Poubelle kréien eemoleg en Chip an eng Etikett mat engem Code Bar drop, dofir awer keng Etikette méi mam Joer drop.
Duerch den Chip kann d’Frequenz an d’Quantitéit vum Offall vun all Poubelle erfaasst gin a spéider och d’Taxen dorop baséiert ginn. All Bierger kann esou d’Taxe vu sengem Offall beaflossen. Mam Chip gi keng perséinlech Donnéeën enregistréiert.
Wann Är Poubelle nach keen Chip a keng Etikett mat engem Code Bar huet, mellt Iech weg an der Gemeng fir e Rendezvous auszemaachen: (+352) 621 243 902. No dem 4. Juli 2023 ginn d’Poubellen ouni Chip net méi eidel gemaach.
Offallsammlungen
Haus-zu-Haus-Sammlunge:
- Plastik (Valorlux)
- Pabeier
- Glas
- Hausmüll
- Biomüll
- Gaardenoffäll (vun Abrëll bis Mëtt November)
D’Offallbehälter a Schlässer fir drop, sou wéi och Containere kënnen am Biergerzenter vun der Stad Réimech mat dem entspriechende Formulaire bestallt ginn.
D’Firma Lamesch bitt och e Botzservice fir d’Behälteren un. Ufroe ginn direkt bei der Firma Lamesch gemaach.
Méi Informatioune fannt Dir an onser Offallbrochure.
Offall-App | Mäin Offall – Meng Ressourcen
Recyclingcenter
De Recyclingcenter “Am Haff” vun der Firma Hein ka just vun Awunner aus der Stad Réimech déi eng Zougangskoart hu genotzt ginn.
Informatiounen iwwert d’Koart an hir Notzung:
- D’Koart kascht 10 € a se gëtt an der Gemeng ausgestallt.
- Et ka just 1 Koart pro Haushalt ausgestallt ginn.
- Bei Verloscht oder Beschiedegung kann eng nei Koart fir de Präis vu 25 € ausgestallt ginn. Déi al Koart gëtt dann automatesch gespaart.
- Beim Plënneren ausserhalb vun der Gemeng gëtt d’Koart automatesch gespaart.
- D’Notze vun der Koart ass de Persounen aus dem selwechten Haushalt virbehalen. Bei Abus gëtt d’Koart fir 1 Joer gespaart.
D’Hausuerdnung vun der Firma Hein muss zu all Moment befollegt ginn.
NEI am RECYCLINGCENTER – de Projet Social ReUse!
Gitt Ären elektreschen an elektroneschen Apparater en 2. Liewe mam Projet Social ReUse.
Weider Informatioune fannt Dir um Flyer.
SIGRE
Haushalter, Firmen, Veräiner an aner privat oder ëffentlech Offallproduzente kënnen hiren Offall an der SIGRE-Sammelstatioun ofginn. Hei gëllen d’Virschrëften an Uweisunge vum SIGRE. Deponéiere vu verschiddenen Offallkategorien ass mat Käschte verbonnen.
D’Offallberoder vum SIGRE stinn Iech bei Bedarf mat Rotschléi zur Verfügung.
Méi Informatioune fannt Dir op sigre.lu.
SuperDrecksKëscht®
Les déchets problématiques des ménages privés peuvent être déposés dans les points de collecte fixes ou mobiles de la SuperDrecksKëscht® dans la commune (service center parking piscine, collecte porte-à-porte sur demande), au centre de recyclage Hein ou à la décharge “Muertendall” du SIGRE.
Le service collecte porte-à-porte se fait uniquement sur demande 48 heures avant la date de collecte par téléphone au numéro 48 82 16 – 1.
Vous trouvez les dates des collectes/service center dans le calendrier des déchets de la Ville de Remich.Les déchets problématiques des ménages privés peuvent être déposés dans les points de collecte fixes ou mobiles de la SuperDrecksKëscht® dans la commune (service center parking piscine, collecte porte-à-porte sur demande), au centre de recyclage Hein ou à la décharge “Muertendall” du SIGRE.
Le service collecte porte-à-porte se fait uniquement sur demande 48 heures avant la date de collecte par téléphone au numéro 48 82 16 – 1.
Vous trouvez les dates des collectes/service center dans le calendrier des déchets de la Ville de Remich.