SDK | Shop green
fixit! Flécken.Léinen.Notzen.
fixit! Flécken.Léinen.Notzen.
Reparéieren, amplaz ewechgeheien | Secondhand, amplaz nei kafen. | Deelen, amplaz besëtzen.
Mat der Campagne ,,fixit! Flécken. Léinen. Notzen” vum Mouvement Écologique an dem Oekozenter Pafendall, déi am Kader vum Projet ,,Rethink” entstanen ass, kritt Dir Rotschléi an Infosrmatioune fir en nohaltege Konsum an ënnerstëtzt esou d’Kreeslafwirtschaft: Fixit-Depliant
ZESUMME fir d’Ëmwelt & Klimat !
All Informatioune fannt Dir op meco.lu/fixit oder oekozenter.lu/fixit.
Chantier Cité Buschland | Stroossespäerungen 02.-08.09.2025
Chantier Cité Buschland
Route barrée Rue de la Cité (ënneschten Deel) & Deeler vu Stroossen déi se kräizen
Wéinst Aarbechten si follgend Stroosse gespaart: n°2-36 Rue de la Cité / 1 Rue de la Corniche > Kräizung / Rue Belvedère
- vum 02.09.2025 ab 07:00 bis den 03.09.2025 um 08:00
- vum 08.09.2025 ab 07:00 bis den 09.09.2025 um 08:00.
Follgend Mesuren sin dowéinst néideg:
- Accès Cité Buschland: iwwer de Bësch (Detailer um Plang)
- Sortie Cité Buschland: iwwer de Bësch (Detailer um Plang)
- D’Sammlung vum Hausmüll a Biomüll den 02.09.2025 gëtt tëscht 06:00 a 09:00 gemaach.
Stellt Är Poubellen dofir weg den Dag selwer fir spéitstens 06:00 eraus oder schon den Owend virdrun.
D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.
Route barrée Rue Maatebierg
Wéinst Aarbechten ass d’Rue Maatebierg vum 02.09.2025 ab 07:00 bis de 05 .09.2025 um 17:00 gespaart.
Follgend Mesuren sin dowéinst néideg:
- Accès Cité Buschland: iwwer Rue Hierzigsberg-Rue Dauvelt-Rue Wenkel-Rue Dicks (Detailer um Plang)
- Sortie Cité Buschland: iwwer Rue Dicks-Rue Wueswee (Detailer um Plang)
- D’Offallsammlungen an deem Zäitraum fanne normal statt, ausser den 02.09.2025 : d’Sammlung vum Hausmüll a Biomüll den 02.09.2025 gëtt tëscht 06:00 a 09:00 gemaach.

Impakt op den ëffentlechen Transport & d’Réimecher Navette
02.-05.09.2025
- Follgend Busarrêten kënne net vum ëffentlechen Transport ugefuer ginn: Rue de la Corniche, Rue Belvedère a Rue Maatebierg) >Avis-RGTR_Cite-Buschland_20250908-02
- Follgend Arrêten vun der Réimecher Navette kënne net ugefuer ginn: Rue de la Corniche, Rue Belvedère, Rue Maatebierg a Rue Dicks.
08.09.2025
- Follgend Busarrêten kënne net vum ëffentlechen Transport ugefuer ginn: rue de la Corniche, rue Belvedère et rue Maatebierg) > Avis-RGTR_Cite-Buschland_20250908-02
- Follgend Arrêten vun der Réimecher Navette kënne net ugefuer ginn: rue de la Corniche et rue Belvedère.
Merci fir Ärt Verständnis.

Rue Maatebierg | Gespaart den 21.07.2025
Rue Maatebierg
Wéinst Aarbechten an der Rue Matebierg, ass d’Strooss den 21. Juli 2025 fir de Verkéier gespaart.
Follgend Mesuren sin dowéinst néideg:
- Accès Cité Buschland: iwwert Rue Hierzigsberg-Rue Dauvelt-Rue Wenkel-Rue Dicks
- Sortie Cité Buschland: iwwert Rue Dicks-Rue Wueswee
- d’Busarrêten an der Cité Buschland (Rue de la Corniche, Rue Belvedère a Rue Maatebierg) kënne net ugefuer gin (Busser & Réimecher Navette): Avis-RGTR_Cite-Buschland_20250721
D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.
D’Offallsammlunge vun deem Dag fanne statt (Pabeier, Glas, Grünschnitt).
Merci fir Ärt Verständnis.
Mülltrennung zu Lëtzebuerg
Fir d’Mülltrennung ze fërderen an d’Bierger besser ze informéieren huet d’Ëmweltverwaltung
en Infoblat iwwer d’Regelen vun der Mülltrennung zu Lëtzebuerg verëffentlecht.
SDK | Lachgas
2025_02 | De Buet (Mäerz-Abrëll)
Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg
Tëscht dem 25. an 30 November 2024 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.
D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.
De Buet November-Dezember 2024 ass online

De Buet November-Dezember 2024 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.