Den nächste Gemengerot ass de 27.11.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Gemengerotssëtzung | Dagesuerdnung 27.11.2026
2026_06 | De Buet (November-Dezember)
23.10.2026 | Gemengerotssëtzung
Den nächste Gemengerot ass den 23.10.2026 um 09:30 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Semi-Marathon Route du Vin | 27.09.2026
Semi-Marathon tëscht Réimech, Stadbriedemes a Rëmerschen mat Depart um 09:15 an Arrivée zu Réimech.
Zousätzlech Coursen:
- 5 km (Départ 14:00)
- 10 km (Départ 12:15)
- Kannerlaf (750 m – Départ 09:30 | 1.500 m – Départ 09:45)
Detailléiert Informatiounen zu den eenzelene Coursen fannt Dir op routeduvin.lu.
All d’Infoen zu de Stroossespärungen, Parkverbueter, etc. fannt Dir an den Dokumenter op dëser Säit.
18.09.2026 | Gemengerotssëtzung
Den nächste Gemengerot ass den 18.09.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
18.09.2026 | Gemengerot – Ordre du jour
2026_05 | De Buet (September-Oktober)
Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg
Tëscht dem 27. Juli an 1. August 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.
D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.
10. – 12.07.2026 | Wichteg Informatiounen – IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE
IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE
Start: 08:00 / 1. Finisher géint 11:55
SIDE EVENTS
- 10.07 | NightRun > Start: 19:30, Parking Schwämm
- 11.07 | IRONKIDS > Start: 11:00, Parking Schwämm
All d’Informatiounen betreffend Stroossespäerungen, Parkverbueter asw. fannt Dir op der rietser Säit.
Infos iwwer den ëffentlechen Transport: mobiliteit.lu