De Buet

„De Buet“ ass d’Informatiounszeidung vun der Stad Réimech, déi all 2. Méint erauskënnt.

Am „De Buet“ ginn nieft de Gemengerotsberichter och aktuell Projete publizéiert esou wéi Infoen iwwer Baustellen, wichtig Matdeelungen aus der Gemeng a Fotoen vun den Eventer.

“De Buet” steet Iech säit Januar 2023 just nach online zur Verfügung. Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft an Dir wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail i mato@remich.lu a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Owescoursen

Course vum Maacher Lycée

De Maacher Lycée bitt eng grouss Diversitéit vu Coursen un.

Déi komplett Lëscht vun de Coursen déi a verschiddene Gemengen ofgehale gi fannt Dir ënner www.maacherlycee.lu .

Hei kënnt Dir Iech och direkt online aschreiwen.

Méi Informatiounen:
Sekretariat vun den Owescoursen: T.  75 06 65 – 5255 | E-mail: csa@mlg.lu.

Course vum Office social

Plaz

Veräinshaus | 5, Montée de l’Église – L-5530 Remich


Course

D’Course gi vum Office social an Zesummenaarbecht mam Maacher Lycée organiséiert.
  • FRANSÉISCH (Niveau A.1.2.)
    Datumer: 03.03-09.07.2026 | Frequenz: Dënschdeg & Donneschdeg | Auerzäit: 08:30-10:30
  • FRANSÉISCH (Niveau A.2.2.)
    Datumer: 03.03-09.07.2026 | Frequenz: Dënschdeg & Donneschdeg | Auerzäit: 10:30-12:30

Informatiounen & Umeldung

D’Plaze si limitéiert.

Präis

  • 168 € | Reduktiounsbongen, déi vun de verschiddenen Administratiounen a soziale Servicer (ADEM, ONA, ONIS, Sozialamt, …) verdeelt ginn, kënne fir dës Course benotzt ginn.
  • D’Fraisen vum Cours ginn eréischt nom Zouschécke vun der Rechnung bezuelt a musse bis spéitstens 15 Deeg no Ufank vum Cours iwwerwise sinn.