De Buet Mäerz-Abrëll 2026 ass online!

i nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 02. a 07. Februar 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

30.01.2026 | Gemengerotssëtzung

Den nächste Gemengerot ass de 30.01.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

17.12.2025 | Gemengerotssëtzung

Den nächste Gemengerot ass de 17. Dezember 2025 um 16:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen

Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen

Hutt Dir eng aarteräich Wiss oder e geschützte Fiichtgebitt op Ärem Terrain?
Da kënnt Dir ab elo vum neie Klimabonus vum Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité profitéieren!
👉 Kuckt op geoportail.lu no, ob Är Fläch eligibel ass. Weider Infos fannt Dir um Flyer.
🤝 Gäre kënnt Dir de SIAS kontaktéieren, wann Dir Hëllef oder Rotschléi fir d’Bewirtschaftung oder d’Restauratioun vu Fiichtgebidder oder Wise braucht.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 03. an 11. November 2025 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

De Buet November-Dezember 2025 ass online!