
Réimecher Navette | Panne (30.08.2023)


Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Déi aktuell Ausgab fannt Dir hei
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
D’Stad Réimech sicht no de Walen erëm no neie Membere fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:
Sidd Dir interesséiert aktiv an enger Kommissioun mat ze schaffen?
Hutt Dir Beruffserfarung an engem vun den Aufgabeberäicher déi an dës Kommissioune falen?
Wëllt Dir Är Liewenserfarung an den Déngscht vun Äre Matbierger:inne stellen?
Hutt Dir Iddien a sidd bereet e puer Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet ze schaffen?
Da fëllt de Formular aus a schéckt en zeréck:
Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité ginn d’Busarrête vum Maatebierg bis op Weideres an d’Rue Dicks (Héicht Desom) verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.
Merci fir Äert Verständnis.
Benotzt den ëffentlechen Transport fir Äre Besuch op der traditionneller Schueberfouer an der Stad Lëtzebuerg !
Fir d’Dauer vun der Schueberfouer (23.08-11.09.2023) goufen zousätzlech Faarten ageriicht.
Méi Informatiounen : zousätzlech Faarten Réimech | all zousätzlech Faarten
D’Stad Réimech sicht Remplaçante fir an der Maison Relais auszehëllefen.
Kandidaturen:
Balconskraaftwierker, oder och „Plug&Play“ genannt, si kleng Photovoltaikanlagen, déi an der Reegel just aus 2 klenge Modüllen an engem Wiesselriichter bestinn, déi ganz einfach um Balcon kënnen installéiert ginn. Allerdéngs dierf d’Leeschtung vu sou enger Anlag maximal 799 W (Wiesselriichterleeschtung) sinn.D’Balconskraaftwierk stellt mat Hëllef vu senge Solarmodülle Stroum hir a speist e vun do aus iwwer eng normal Steckdous an Äert Stroumnetz an. Den hiergestallte Stroum ka sou direkt an der Wunneng verbraucht ginn. Den Iwwerschoss gëtt an dat ëffentlecht Stroumnetz agespeist, awer net verrechent.
D‘Modülle mussen „CE“-zertifiéiert sinn. Aus Sécherheetsgrënn ass et recommandéiert ee sougenannte „Wieland-Stecker“ (eng speziell Steckdous mat no baussen hin isoléierte Kontakter) ze benotzen. Déi elektresch Installatioun muss den aktuelle Sécherheetsstandarden entspriechen. Deemno muss en FI-Schalter am Stroumreseau sinn. Ausserdeem mussen d’Modülle gutt befestegt si fir dass se bei Onwierder net fortfléien a fir dass keng Verletzungsgefor besteet.
E Balconskraaftwierk hëlleft déi eege Stroumkäschten ze drécken ass ëmsou méi rentabel wann een et fäerdeg bréngt den hiergestallte Stroum selwer ze benotzen. Kuckt dofir am Virfeld no (z.B. op der Clients-Säit vun Ärem Stroumfournisseur) ob Äre Stroumverbrauch duergeet fir den hiergestallte Stroum selwer ze benotzen.
Fir de Klimabonus Subside fir e Balconskraaftwierk ze kréien, muss d’Installatioun vun enger Fachkraaft gemaach ginn. D’Héicht vum Subside ass limitéiert op 62,5 % vun de Käschten (ouni TVA) mat engem maximale Montant vun 1.562,5 €/kWp wann d’Offer tëscht dem 1. Januar 2023 an dem 31. Dezember 2023 ënnerschriwwe gouf. D’Demande vum Subside muss onbedéngt vun der Fachkraaft ënnerschriwwe sinn, déi sech em d’Installatioun këmmert.
All Wieler deen op de Wallëschte steet kann d’Bréifwal ufroen an der Gemeng wou e säi Wunnsëtz huet.
D’Bréifwal kann ab dem 17. Juli 2023 ugefrot ginn:
Méi Informatioune fannt Dir ënner elections.remich.lu.
Den nächste Gemengerot ass e Freideg, de 14. Juli 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
De Buet Juli-August 2023 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Empfang und Einwohnermeldeamt
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 und 13:00-16:00
Freitag:
07:00-13:00
Jeden ersten Mittwoch im Monat :
08:00-12:00 und 13:00-19:00
Kommunale Kasse, Marketing- und Tourismusabteilung, Personalbüro, Sekretariat und technischer Dienst
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 (bevorzugt mit Termin)
Nachmittags nur mit Termin
Freitag:
08:00-12:00 (nur mit Termin)
6, rue Enz | L-5532 Remich
Postfach: B.P. 9
L-5501 Remich
Durch Anklicken der gewünschten Kategorien werden diese auf der Karte angezeigt.
Entrez un mot-clé pour lancer et faciliter votre recherche ou utilisez notre outil de recherche rapide.