Chantier Rue Enz/Place du Marché | 29-30.05.2026

Wéinst Aarbechten vun der Stroossebauverwaltung (Administration des Ponts et Chaussées) kann et vum 29. bis den 30. Mee 2026 zu Stéierungen am Verkéier kommen am Beräich vun der N2 / CR 152C (Rue Enz- Place du Marché – Bréck).
Desweideren gi fir d’Dauer vun den Aarbechten verschidde Foussgängersträifen suppriméiert.

Cavalcade 15.03.2026 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verkéier

Sonndes, de 15. Mäerz 2026 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir bei de jeeweilege Linnen op mobiliteit.lu oder am Avis vum RGTR.

Programm vum ganze Weekend

>> cavalcade-remich.lu