Chantier Rue St. Nicolas – Rue Wenkel | Traffic & Accès 09-10.10.2024

UPDATE > WÉINST SCHLECHTE WIEDERKONDITIOUNEN OFGESOT

Wann d’Wiederkonditiounen et erlaben, gëtt de Stroossebelag an der Rue Wenkel (vun der Kräizung Rue St. Nicolas bis bei d’Haiser 24 a 25 an der Rue Wenkel) de 9. an 10. Oktober 2024 erneiert.

Route barrée: 09.10.2024 ab 7:00 Auer bis 10.10.2024 um 17:00 Auer

  • Rue St. Nicolas – ab Kräizung Montée de la Chapelle bis Kräizung Rue Wenkel
  • Rue Wenkel – ab Kräizung Rue St. Nicolas bis bei d’Haiser 24 a 25 an der Rue Wenkel

Parkverbuet: 09.10.2024 ab 7:00 Auer bis 10.10.2024 um 17:00 Auer

  • béidsäiteg an der Rue Wenkel

Zougang zu de Garagen

  • Den Zougang zu de Garagen an der Rue Wenkel ka leider net garantéiert ginn.

Plang

ING Route du Vin | Wichteg Informatiounen

ING Route du Vin

  • Depart: N10 op der Héischt vun der Piscine
  • Zil: Héicht Piscine géint 11:15

Méi Infoen: routeduvin.lu

All d’Infoen zu de Stroossespärungen, Parkverbueter, etc. fannt Dir an den Dokumenter op dëser Säit.

13.09.2024 | Gemengerotssitzung

Den nächste Gemengerot ass e Freideg, denn 13. September 2024 em 09:00 Auer an der Aler Schoul | 1, rue Neuve. 

De Buet September-Oktober 2024 ass online

 

De Buet September-Oktober 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

De Buet Juli-August 2024 ass online

De Buet Juli-August 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

19.06.2024 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass e Mëttwoch, de 19. Juni 2024 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).