Owescoursen

Course vum Maacher Lycée

De Maacher Lycée bitt eng grouss Diversitéit vu Coursen un.

Déi komplett Lëscht vun de Coursen déi a verschiddene Gemengen ofgehale gi fannt Dir ënner www.maacherlycee.lu .

Hei kënnt Dir Iech och direkt online aschreiwen.

Méi Informatiounen:
Sekretariat vun den Owescoursen: T.  75 06 65 – 5255 | E-mail: csa@mlg.lu.

Course vum Office social

Plaz

Veräinshaus | 5, Montée de l’Église – L-5530 Remich


Course

D’Course gi vum Office social an Zesummenaarbecht mam Maacher Lycée organiséiert.
  • FRANSÉISCH (Niveau A.1.2.)
    Datumer: 03.03-09.07.2026 | Frequenz: Dënschdeg & Donneschdeg | Auerzäit: 08:30-10:30
  • FRANSÉISCH (Niveau A.2.2.)
    Datumer: 03.03-09.07.2026 | Frequenz: Dënschdeg & Donneschdeg | Auerzäit: 10:30-12:30

Informatiounen & Umeldung

D’Plaze si limitéiert.

Präis

  • 168 € | Reduktiounsbongen, déi vun de verschiddenen Administratiounen a soziale Servicer (ADEM, ONA, ONIS, Sozialamt, …) verdeelt ginn, kënne fir dës Course benotzt ginn.
  • D’Fraisen vum Cours ginn eréischt nom Zouschécke vun der Rechnung bezuelt a musse bis spéitstens 15 Deeg no Ufank vum Cours iwwerwise sinn.

Energiekooperativ Kanton Remich

Energiekooperativ Kanton Remich

D’Energiekooperativ ass eng Ekipp vun engagéierte Bierger aus de Gemengen Bous, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes a Waldbriedemes.

Missioun
Fotovoltaik Anlagen op Diecher vun ëffentleche Gebaier installéieren a bedreiwen fir esou erneierbar Energie hierzestellen.

Deelhuelen
All d’Bierger aus dem Kanton Réimech kënne matmaachen iwwer eng finanziell Bedeelegung un de gemeinsame Projeten
→ Déi minimal Bedeelegung ass 100 €.
→ All Member vun der Kooperativ huet natierlech och e Stëmmrecht.

Méi Infoe: www.ekr.lu

 

NEWSLETTER 2024-04

Léif Kooperateuren, léif Frënn vun der Sonn,

No eiser Info-Versammlung zu Lenneng, si mir frou e puer nei Kooperateuren an eise Reien ze begréissen. Ier mir de Projet zu Kanech realiséieren zéie mir d‘PV-Anlag op der Schoul zu Munneref vir well deen Daach am Summer erneiert gëtt. Mir hunn interessant Offere kritt esou dat dëse, fir eis grousse Projet am Summer 2024, realiséiert ka ginn.

Duerfir maache mir op dëser Plaz en Appell fir Iech och hei nach emol finanziell ze bedeelegen: d’Anlag kascht +/- 86.600 € TTC a mir hunn am Moment nach net genuch Sue fir de Projet ze realiséieren.
Fir eis ze ënnerstëtzen duerft dir och gär Reklamm an ärem Bekanntekrees maachen.

D’Gemeng Munneref steet och bei dësem Projet zu 100% hannert der EKR, dat heescht, dat zu kengem Zäitpunkt e Risiko besteet dat ären Invest verluer wier.

Mir soen all deenen elo schonns Merci déi der Kooperativ erméiglechen eng weider Anlag un d’Netz ze bréngen.

Des weidere maache mir iwwert dëse Wee en Opruff: mir sichen 2 Keesekontrollere fir och esou nach méi Transparenz an eis Aarbecht ze bréngen > Kandidatur per Email op: info@ekr.lu.