Den nächste Gemengerot ass e Freideg, den 22. September 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
Mir sichen dech! | Surveillant fir de Schoultransport
D’Stad Réimech sicht 1 Surveillant fir de Schoultransport (Betreiung vu Kanner tëscht 3-12 Joer)
- CDD bis de 15.07.2024 mat Optioun op e CDI, 6 Stonnen/Woch, Carrière A3 nom Südgemengekollektivvertrag
Viraussetzungen:
- Erfuerderlech Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Autonom schaffe kënnen, flexibel sinn, teamfäeg
Kandidatur:
- CV
- Lettre de motivation mat Foto
- Casier 3 + 4 (< 3 Méint)
- Acte de naissance (< 3 Méint)
- Kopie vun der Carte d’identité
Delai fir d’Kandidatur: 17.09.2023
Ville de Remich – Service du personnel
Place de la Résistance
B.P. 9
L-5501 Remich
Réimecher Schwämm | Ëffnungszäite bis de 15.09.2023
Réimecher Schwämm ass nach op bis de 15. September
Ëffnungszäiten:
- Bis den 10.09.2023: 09:00-20:00
- 11.09 – 15.09.2023: 10:00-19:00
SAVE THE DATE 🐶🐹
16:09.2023, 10:00-16:00 >>> Muppeschwammen
05. – 14.09.2023 | Entretiensaarbechten um Gebai vum Centre visit Remich (Gare Routière)
Entretiensaarbechten um Gebai vum Centre visit Remich (Gare Routière) tëscht dem 5. – 14. September 2023.
An där Zäit leeft de Verkéier just an eng Richtung
- Kee Verkéier aus Richtung vum Parking du Port
- Sens unique aus Richtung vum Minigolf
- De Busarrêt op der Säit vum Gebai ass wärend där Period op der Säit vun der Musel
Réimecher Navette | Panne (30.08.2023)

De Buet September-Oktober 2023 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Déi aktuell Ausgab fannt Dir hei
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Opruff fir nei Memberen | Berodend Kommissiounen
Ech engagéiere mech a menger Gemeng!
D’Stad Réimech sicht no de Walen erëm no neie Membere fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:
- Bauten
- Ëmwelt
- Integratioun
Sidd Dir interesséiert aktiv an enger Kommissioun mat ze schaffen?
Hutt Dir Beruffserfarung an engem vun den Aufgabeberäicher déi an dës Kommissioune falen?
Wëllt Dir Är Liewenserfarung an den Déngscht vun Äre Matbierger:inne stellen?
Hutt Dir Iddien a sidd bereet e puer Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet ze schaffen?
Da fëllt de Formular aus a schéckt en zeréck:
- per Post: Stad Réimech | BP 9 | L-5501 Réimech
- per Email: secretariat@remich.lu
Transfert vum Busarrêt um Maatebierg | Verlängerung
Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité ginn d’Busarrête vum Maatebierg bis op Weideres an d’Rue Dicks (Héicht Desom) verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.
Merci fir Äert Verständnis.
Ëffentlechen Transport | Zousätzlech Faarten fir d’Schueberfouer 2023
Benotzt den ëffentlechen Transport fir Äre Besuch op der traditionneller Schueberfouer an der Stad Lëtzebuerg !
Fir d’Dauer vun der Schueberfouer (23.08-11.09.2023) goufen zousätzlech Faarten ageriicht.
Méi Informatiounen : zousätzlech Faarten Réimech | all zousätzlech Faarten
Mir siche Remplaçante fir d’Maison Relais
D’Stad Réimech sicht Remplaçante fir an der Maison Relais auszehëllefen.
- Erfuerderlech Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Formatioun (118 Stonnen) “Bases de l’éducation et de l’accueil d’enfants” (BEA)
Kandidaturen:
- CV
- Lettre de motivation
- Formatioun (118 Stonnen) “Bases de l’éducation et de l’accueil d’enfants” (BEA)
- Casier 3 + 5