De Buet Mee-Juni 2023 ass elo online!
De Buet Mee-Juni 2023 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Kennt dir schonn d’Legend vum Lis?
D’Lis ass dat stäerkste Meedche vun der Welt. Fannt am Video raus firwat 😄 …
Nopeschfest | 26.05.2023
Maacht mat beim Nopeschfest!
E gemittlechen Owend mat Äre Noperen – mellt Iech elo mam Formulaire un!
21.04.2023 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass e Freideg, den 21. Abrëll 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
D‘Stad Réimech sicht een Informatiker
D‘Stad Réimech sicht een Informatiker (m/w/x), CDI, 40 Stonnen/Woch
Missioun:
- Gestioun vun der Informatik vun der Gemeng.
- Kenntnisser vum geographeschen Informatiounssystem (S.I.G.) si vu Virdeel
Dir sidd interesséiert, da schéckt Är Demande bis spéitstens de 6. Mee mat folgenden Piècen un der Personalbüro vun der Stad Réimech, B.P. 9, L-5501 Réimech:
- CV mat folgenden Infoen: Numm a Virnumm, Nationalitéit, Matricule, Mailadress, Diplomer, beruffleche Virkenntnesser a sproochleche Kenntnisser
- Motivatiounsschreiwes
- Kopie vun der Carte d’Identité oder dem Pass
- Kopie vum Opnamexamen fir e Fonctionnairesposten (falls Dir deen hutt)
Är Poubelle huet nach keen Chip
Falls Är gro Poubelle nach keen Chip a keng Etikett mat enger Identifikatiounsnummer huet, da mellt Iech weg bei der Gemeng fir e Rendez-vous auszemaachen: (+352) 621 243 902.
Vum 4. Juli u gi Poubellen ouni Chip net méi eidel gemaach!
Chantier Cité Buschland | Verkéiersinfo
Fonctionnement vun de roude Luuchte bei der Kräizung Rue de la Cité / Rue Maatebierg / Rue Dicks
Wéinst dem Bau vum Reewaasserbecke wuer et net méiglech den Trottoir ze erhalen. D’Foussgänger a Gefierer mussen sech d’Strooss am Moment deelen. Fir d’Sécherheet ze garantéiere gouf e Luuchtesystem en Place gesat.
Fonctionnement fir motoriséiert Gefierer a Vëloen
Den Trafic gëtt mat engem intelligente Luuchtesystem gerregelt, deen erkennt op en Auto do steet. Dëst erlaabt e bessere Flux vum Verkéier. D’Waardezone ass mat engem Marquage um Buedem gekennzeechent.
Fonctionnement fir Foussgänger
De Foussgänger muss och bei de Luuchte stoe bleiwen, de Schalter beréieren a waarde bis d’Foussgängerluucht gréng gëtt. D’Zäite sinn esou gereegelt dass de Foussgänger a Sécherheet ka laanscht de Chantier goen.
Haalt Iech weg un déi verschidde Beschëlderunge vum Chantier a benotzt d’Zebrasträifen déi heivir ageriicht goufen.
Den Trottoir tëscht den Haiser 12 an 22 an der Rue de la Cité ass fir Foussgänger net accessibel. Benotzt weg den Trottoir vis-à-vis fir bei d’Luuchten ze komme wann Dir d’Cité erofkommt.
Remich lights it up blue
D’Stad Réimech ënnerstëtzt de Weltdag vum Autimus, den 2. April 2023 a beliicht d’Gemeng blo.
Bréifwal | Gemengewalen 2023
All Wieler deen op de Wallëschte steet kann d’Bréifwal ufroen an der Gemeng wou e säi Wunnsëtz huet.
D’Bréifwal kann ab dem 20. Mäerz ugefrot ginn:
- elektronesch iwwer MyGuichet.lu
- per Post (Bréif oder mam Formulaire, deen ee bei der Gemeng kritt oder Dir kënnt en hei eroflueden > Formulaire Bréifwal).
Méi Informatioune fannt Dir ënner elections.remich.lu.
