Chantier Rue de la Cité | Transfert Busarrêt a Sens unique Rue de la Corniche

Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité gëtt de Busarrêt Rue Belvedère vum 19.02-19.04.2024 op d’Héicht vum Haus n°13, Rue de la Cité verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.

Zousätzlech gëllt an der Rue de la Corniche e Sens unique vun der Rue de la Cité aus a Richtung Kräizung Rue des Bateliers vum 19.02-22.03.2024.

Merci fir Äert Verständnis.

Avis Rue Wenkel an Alentoure | 23.-27.10.2023 > Erneierung vum Stroossebelag

Stroossespäerung

Rue Wenkel

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Kräizung Rue St. Nicolas – Rue Wenkel

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 bis 18:00 Auer
  • Donneschdeg, 26.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Kräizung Rue Wenkel – Rue Dicks – Wueswee

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Parkverbuet

Vum Méindeg, 23.10.2023 ab 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

  • Rue Wenkel
  • Wueswee
  • Rue Dicks (déi éischt 2 Parkflächen)

Zougang zu de Garagen

Den Zougang zu de Garagen an der Rue Wenkel ass fir d’Dauer vun der Baustell net méiglech.

Offallentsuergung

D’Entsuergung vum Haus- a Biomüll fënnt wéi gewinnt dënschdes, de 24.10.2023 statt.

Transfert vum Busarrêt um Maatebierg | Verlängerung

Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité ginn d’Busarrête vum Maatebierg bis op Weideres an d’Rue Dicks (Héicht Desom) verluecht.

Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.

Merci fir Äert Verständnis.

Chantier Cité Buschland | Verkéiersinfo

Fonctionnement vun de roude Luuchte bei der Kräizung Rue de la Cité / Rue Maatebierg / Rue Dicks

Wéinst dem Bau vum Reewaasserbecke wuer et net méiglech den Trottoir ze erhalen. D’Foussgänger a Gefierer mussen sech d’Strooss am Moment deelen. Fir d’Sécherheet ze garantéiere gouf e Luuchtesystem en Place gesat.

Fonctionnement fir motoriséiert Gefierer a Vëloen

Den Trafic gëtt mat engem intelligente Luuchtesystem gerregelt, deen erkennt op en Auto do steet. Dëst erlaabt e bessere Flux vum Verkéier. D’Waardezone ass mat engem Marquage um Buedem gekennzeechent.

Fonctionnement fir Foussgänger

De Foussgänger muss och bei de Luuchte stoe bleiwen, de Schalter beréieren a waarde bis d’Foussgängerluucht gréng gëtt. D’Zäite sinn esou gereegelt dass de Foussgänger a Sécherheet ka laanscht de Chantier goen.

Haalt Iech weg un déi verschidde Beschëlderunge vum Chantier a benotzt d’Zebrasträifen déi heivir ageriicht goufen.

Den Trottoir tëscht den Haiser 12 an 22 an der Rue de la Cité ass fir Foussgänger net accessibel. Benotzt weg den Trottoir vis-à-vis fir bei d’Luuchten ze komme wann Dir d’Cité erofkommt.