De Buet Juli-August 2025 ass online!

 

Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Info | 24.05.2025 Passage Course Schleck Gran & Medio Fondo

🚴🚴🏻‍♀️ 24.05 | Passage Schleck Gran Fondo zu Réimech

Wéinst der Vëloscourse dëse Samschdeg, 24.05, kann et zu Verkéiersstéierungen kommen tëscht ca. 9:00 an 12:00 Auer

🚗🚕Verkéier:
– N10 (Esplanade/Route de Stadbredimus) Sens unique a Richtung Stadbriedemes ab Rue Wueswee vu 09:00 bis 12:00.
– Sortie Cité Buschland iwwer Rue Wueswee.
– Entrée Cité Buschland iwwer Rue Hierzigsberg.

🚌 Ëffentlechen Transport:
– Ännerungen bei de Linnen 341, 342, 411 a 413 > mobiliteit.lu

Méi Informatiounen iwwer d’Course: www.sxp.lu

Route barrée “Avenue Lamort-Velter”

🚧🚧 Route barrée “Avenue Lamort-Velter” | ab  08.04.2025 a bis den 10.04.2025 um 09:00 Auer
🟠 D’Avenue Lamort-Velter ass wéinst gréisseren Aarbechten vum Waasserréesau gespaart. Den Accès fir d’Awunner ass weiderhi méiglech.
🚌 D’Arrêten vun der Réimecher Navette an der Avenue Lamort-Velter kënnen dofir och net ugefuer ginn.

Chantier Route de Luxembourg | Traffic & Accès 11.04.2025

Route de Luxembourg – Erneierung vum Stroossebelag

Ponts & Chaussées hunn ons matgedeelt, dass d’Route de Luxembourg wéinst der Erneierung vum Stroossebelag den 11. Abrëll 2025 tëscht 09:00 a 17:00 Auer ab dem Haus n°03 bis d’Kräizung Route de l’Europe (N2) fir de Verkéier gespaart ass.

En plus

  • ass et op deenen 2 Säite vun der Route de Luxembourg verbueden ze parken den 11. Abrëll 2025 ab 06:00 Auer a bis zum Schluss vun den Aarbechten.
  • ass weder d’Zoufaart zu de Garagen nach d’Ausfaart aus de Garagë méiglech.
  • ginn d’Busarrête fir d’Dauer vun den Aarbechten net ugefuer (ëffentlechen Transport & Navette vun der Stad Réimech).

D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.

Bauhär
Administration des Ponts et Chaussées
T. (+352) 2846 2200
E. srrm@pch.etat.lu

Merci fir Ärt Verständnis.

Cavalcade 30.03.2025 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verkéier

Sonndes, den 30. Mäerz 2025 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.

Programm vum ganze Weekend

>> cavalcade-remich.lu

Route barrée Rue Dauvelt & Rue St Nicolas

🚧🚧 Route barrée Rue Dauvelt & Rue St. Nicolas
 
🟠 Vum 13.01.2025 bis de 24.01.2025 ass d’Rue Wenkel tëscht den Haiser 2-4 gespaart | Demandeur: Firma Kuhn > Aarbechten um Haus no. 4 Rue Dauvelt
 
🟢 Vum 13.01.2025 bis de n 31.01.2025 ass d’Rue St Nicolas tëscht den Haiser 27-31 gespaart. | Demandeur: XLG Luxembourg sàrl > Aarbechten um Haus no. 29 Rue St Nicolas

Route barrée Rue Dauvelt, Rue St. Nicolas & Rue Wenkel

🚧🚧 Route barrée Rue Dauvelt, Rue St. Nicolas & Rue Wenkel
 
🟠 Vum 13.11.2024 bis de 14.11.2024 sinn d’Rue Wenkel ab dem Haus n°25 bis Kräizung Rue St Nicolas & d’Rue Dauvelt ab dem Haus n°4 bis d’Haus n° 28 Rue St Nicolas gespaart.
 
🟢 Den 21. November ass d’Rue Dauvelt komplett gespaart.