Freedefeier & Knupperte | NEE MERCI!
Freedefeier op Silvester?
NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.
Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.
Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.
Op der Affiche vun der Ëmweltberodung fannt Dir nëtzlech Informatiounen zu den Auswierkunge vum Freedefeier op ons Ëmwelt.
Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.
Klima Agence | Wärmepompel – Konfort an erneierbar Energien zesumme bréngen
Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen
Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen

SIAS | Klimabonus Mouer a Wiss -Ënnerstëtzung fir privat Proprietairen
2025_06 | De Buet November-Dezember
2025_05 | De Buet (September-Oktober)
Klima Agence | Luedstatioune vergläichen
fixit! Flécken.Léinen.Notzen.
fixit! Flécken.Léinen.Notzen.
Reparéieren, amplaz ewechgeheien | Secondhand, amplaz nei kafen. | Deelen, amplaz besëtzen.
Mat der Campagne ,,fixit! Flécken. Léinen. Notzen” vum Mouvement Écologique an dem Oekozenter Pafendall, déi am Kader vum Projet ,,Rethink” entstanen ass, kritt Dir Rotschléi an Infosrmatioune fir en nohaltege Konsum an ënnerstëtzt esou d’Kreeslafwirtschaft: Fixit-Depliant
ZESUMME fir d’Ëmwelt & Klimat !
All Informatioune fannt Dir op meco.lu/fixit oder oekozenter.lu/fixit.
De Buet Juli-August 2025 ass online!

Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.