2024_05 De Buet (September-Oktober)
Reewaasser clever notzen
Reewaasser notzen hëlleft net nëmmen, wäertvollt Drénkwaasser ze spueren, mee reduzéiert beispillsweis och d’Belaaschtung vun Ofwaassersystemer. Clever agesat ka Reewaasser fir d’Bewässerung vum Gaart, fir d’Toilette ze spullen oder fir d’Autoen ze wäschen, respektiv soss am Baussenberäich agesat ginn, wat d’Ëmwelt an de Portemonni schount. D’Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) huet dozou eng Inforgrafie erstallt: EBL Infografik_Reewaasser
Harespelen | Nëtzlech Informatiounen
D’Harespelen hunn hire Notze fir d’Natur a sinn net geféierlech fir de Mënsch, wa si net bedrot sinn. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mee mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor. Dofir wëll d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg mat dësem Dossier, iwwer déi verschidde Méiglechkeeten informéieren, wéi ee mat den Harespelen zesummeliewe kann.
Hei fannt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer Harespelen: Wespenratgeber
(Source: EBL)