Wichtegen Opruff fir Waasser ze spueren
Léif Biergerinnen a Bierger,
wéinst der unhalender Dréchent an dem héije Waasserverbrauch sinn d’Waasserreserve vun der Stad Réimech an de leschte Wochen däitlech zeréckgaangen.
Mir appelléieren dofir un all Awunnerinnen an Awunner nëmmen nach déi absolut noutwenneg Quantitéit un Drénkwaasser ze verbrauchen.
Esou kënnt Dir hëllefen:
- Duscht nëmme kuerz an evitéiert et an d’Bidden ze goen.
- Dréit de Krunn wärend dem Zännwäschen zou.
- Benotzt d’Wäsch- an d’Spullmaschinn nëmme wann se voll geluede sinn.
- Verzicht op d’Bewässere vum Wues
- Nätzt Är Planzen nëmme moies oder owes.
- Verzicht op d’Fëllen oder d‘Nofëlle vu Schwämmen
- Wäscht Ären Auto net doheem, mee just a professionelle Waschanlagen.
- Kontrolléiert Är Waasserleitungen a Krunnen op méiglech Fuitten.
Aus dësem Grond gëtt just nach deen Deel vum Waasserspill op der Place Kons genotzt dee mat Reewaasser bedriwwe gëtt. D’Niwwelmaschinn vum Waasserspill, déi mat Drénkwaasser bedriwwe gëtt, gëtt temporär ausgeschalt.
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Solidaritéit.
Asiatesche Runn | Wichteg Informatiounen
Informéiert Iech iwwer d’asiatesch Runn, déi eng Bedrohung fir ons heemesch Déierewelt duerstellt.
Infomaterial:
Vespa_velutina_Subventionen-und-Fachfirmen
Kontakt :
E. wespen@sias.lu
Nick HEITER | T. 34 94 10 – 31
Doris BAUER | T. 34 94 10 – 30
Tom DALL’ARMELLINA | T. 34 94 10 – 32
Klima- a Biodiversitéitsdag | 17.05.2026
Sidd de 17. Mee 2026 dobäi bei der 4. Editioun vum Klima- a Biodiversitéitsdag zu Rued-Sir am Centre Culturel Syrkus.
Grouss a Kleng, Naturfrënn a Virwëlzeger erwaart e flotten Dag mat engem villfältege Programm: Secondhand-Corner, Workshops, Informatiounsstänn, Expoen, e Repair Café, Shows an e Jonkplanzemaart.
- 10h00: Faire Kaffi
• 11h00: Offiziell Begréissung a Film-Première (Kuerzfilmer vu Schoulkanner aus der Gemeng Betzder)
• 13h30: Science-Show mat Live-Experimenter (Die Physikanten)
• 14h30: Kannershow “Betti a Litti spille mam Dreck” (EBL)
• 15h30: Virtrag: “Fuerschung a Biodiversitéit an der Gemeng Betzder” (Naturmusée)
• 16h00: Trëppeltour “Biodiversitéit ronderëm Rued-Sir” (Naturmusée & SIAS)
Fräi Entrée · PMR-frëndlech · erreechbar mam Zuch, Bus & Covoiturage Parking
Méi Infoen: www.klimadag.lu
Organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS an der Gemeng Betzder.
2026_03 | De Buet (Mee-Juni)
Onse neien Offall-Guide ass do!
All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.
Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!
Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.
Kuckt elo eran: Offall-Guide
Abfallratgeber
De Buet Mäerz-Abrëll 2026 ass online!
Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.
