Klima- a Biodiversitéitsdag | 12.05.2024
26.03.2024 | Informatiounsowend punktuell Ännerungen PAG Zentrum
Wéini: Dënschdeg, de 26. Mäerz 2024 ëm 19:00 Auer am Schoul- a Sportzenter Gewännchen (8, rue des Champs).
Eng Simultaniwwersetzung op Franséisch an Englesch gëtt ugebueden.
Aktioun Wëllstauden 2024 | SIAS
Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbserinsekten erëm méi Pollen- a Nektarquellen ze bidden.
Aus deem Grond huet de Schäfferot decidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtzen. Dofir maache mir och dëst Joer erëm zesummen mam SIAS eng Aktioun, mat där Dir äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerte kënnt an de Bestëbser-Insekten eng wichteg Nahrungsquell bitt.
Mir offréieren dofir all Haushalt aus der Stad Réimech e Pak mat 6 Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen. Fir mat ze maache musst Dir de Formulaire bis spéitstens den 28. Februar 2024 an der Gemeng areechen.
D’Staude si gratis a mussen op en Terrain geplanzt ginn, deen Iech gehéiert. Am beschte planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm Äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Stauden). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.
D’Staude ginn am Fréijoer 2024 un déi interesséiert Bierger verdeelt.
Fir weider Froen:
Tom Dall’Armellina (Biologesch Statioun SIAS)
T. (+352) 34 94 10 – 32
E. t.dallarmellina@sias.lu
Méi Infoen zu verschiddene Stauden an hirem Notzen an der Natur fannt Dir op www.sias.lu.
SIAS | 01.02.2024 > Konferenz mam Sven Plöger
D’Klimateam vun der Stad Réimecht sicht nei Memberen.
D’Klimateam vun der Stad Réimecht sicht nei Memberen.
De Klimapakt, deem d’Stad Réimech 2012 bäigetrueden ass, gesäit d’Kreatioun vum engem Klimateam vir. Dëst Klimateam ass responsabel fir d’Ëmsetzung vun de Mesuren, déi d’Stad Réimech am Kader vum Klimapakt an der domadder verbonnener Verflichtung vun enger nohalteger Politik an de Beräicher Klimawandel, Energie a Mobilitéit duerchféiert. Weideres mécht d’Klimateam eng Bestandsopnam vun der Gemeng an erstellt doropshin een Aktiounsprogramm.
D’Klimateam setzt sech zesummen aus engem Klimaberoder, Vertrieder aus der Politik, der Verwaltung an de Kommissiounen, Experten, Responsabelen aus Firmen an interesséierte Bierger.
Interesséiert?
Da schéckt eis Är Kandidatur bis den 01.02.2024:
Ville de Remich | B.P. 9 | L-5501 Remich
info@remich.lu
VERBUET!!! Freedefeier & Knupperten
Freedefeier op Silvester?
NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.
Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.
Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.
Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.
Opruff | Konsultativ Kommissiounen
D’Stad Réimech sicht nach motivéiert Bierger:inne fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:
- Jugend (de Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen
- NEI ! Integratioun an Zesummeliewen (d’Membere mussen entweder zu Réimech wunnen oder hei schaffen) – 6 Memberen
- Bauten a Verkéier (Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen
- Ëmwelt (Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen
Interesséiert?
Da fëllt de Formulär aus a schéckt en zeréck un secretariat@remich.lu
De Buet September-Oktober 2023 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Déi aktuell Ausgab fannt Dir hei
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Opruff fir nei Memberen | Berodend Kommissiounen
Ech engagéiere mech a menger Gemeng!
D’Stad Réimech sicht no de Walen erëm no neie Membere fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:
- Bauten
- Ëmwelt
- Integratioun
Sidd Dir interesséiert aktiv an enger Kommissioun mat ze schaffen?
Hutt Dir Beruffserfarung an engem vun den Aufgabeberäicher déi an dës Kommissioune falen?
Wëllt Dir Är Liewenserfarung an den Déngscht vun Äre Matbierger:inne stellen?
Hutt Dir Iddien a sidd bereet e puer Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet ze schaffen?
Da fëllt de Formular aus a schéckt en zeréck:
- per Post: Stad Réimech | BP 9 | L-5501 Réimech
- per Email: secretariat@remich.lu