Net fidderen weg!

Mir brauchen Är Hëllef!

Ägyptesch Nilgäns sinn eng invasiv Vullenaart a stellen eng Gefor fir eis heemesch Vullenaarten duer well si sech ouni natierlech Feinden zu Lëtzebuerg onkontrolléiert verbreeden kënnen.
‼️ Et ass immens wichteg, datt dir d‘Nilgänsen net fiddert! Wann dir en Nascht mat Eeër fannt, da kënnt dir gären de Standuert an eng Foto un info@neobiota.lu schécke.
 
📌Mir wëllen Iech awer och drop opmierksam maachen, dass et allgemeng verbueden ass Waasservigel an Dauwen zu Réimech ze fidderen.

En Dag an der Natur

 

 

 

En Dag an der Natur

Vum 1. Abrëll bis den 31. August 2024 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner déi 27. Campagne En Dag an der Natur.

Zil vun der Campagne: de Mënschen d’Méiglechkeet ginn déi heemesch Landschaft, Planzen- an Déierewelt op eng spannend a lieweg Manéier méi no ze bréngen.

De Programm mat all den Aktivitéite ronderëm En Dag an der Natur fannt Dir hei: https://www.naturemwelt.lu/de/en-dag-an-der-natur-2024.

 

Info Spendesammelaktioun | Handicap International Luxembourg

Dës Woch si Mataarbechter vun  Handicap International Luxemburg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung an de Faarwe vun Handicap International an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Gemengeservicer zou | 17.01.2024

‼️🌨❄️💦
 
Wéinst den offizielle Wiederwarnungen a Recommandatioune falen haut (17.01.2024) follgend Servicer aus:
  • all d’Servicer vun der Gemengeverwaltung bleiwen zou
  • d’Schoulen a Maison Relaise bleiwen och zou a bidde just en Accueil un
  • kee Schoultransport
  • d’Réimecher Navette fiert haut net
  • d’Äispiste ass zou.
Bei enger Urgence (Waasserfuite, Stierffall,…) kënnt Dir den Urgencentelefon vum techneschen Déngscht uruffen: 📞 (+352) 621 154 691.
Merci fir Ärt Verständnis.
 

Äispiste | Nei Ëffnungszäiten

📌NEI ËFFNUNGSZÄITEN ab dem 15.01.2024
 
15.01.2024-29.02.2023
So – Do 14:00 – 18:00
Fr – Sa: 14:00 – 20:00

VERBUET!!! Freedefeier & Knupperten

Freedefeier op Silvester?

NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.

Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.

Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.

Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.