Drénkwaasseranalys – zousätzlech Kontroll | 2026-06-19
Drénkwaasseranalysen – operationell Kontroll | 2026-06-19
Wichtegen Opruff fir Waasser ze spueren
Léif Biergerinnen a Bierger,
wéinst der unhalender Dréchent an dem héije Waasserverbrauch sinn d’Waasserreserve vun der Stad Réimech an de leschte Wochen däitlech zeréckgaangen.
Mir appelléieren dofir un all Awunnerinnen an Awunner nëmmen nach déi absolut noutwenneg Quantitéit un Drénkwaasser ze verbrauchen.
Esou kënnt Dir hëllefen:
- Duscht nëmme kuerz an evitéiert et an d’Bidden ze goen.
- Dréit de Krunn wärend dem Zännwäschen zou.
- Benotzt d’Wäsch- an d’Spullmaschinn nëmme wann se voll geluede sinn.
- Verzicht op d’Bewässere vum Wues
- Nätzt Är Planzen nëmme moies oder owes.
- Verzicht op d’Fëllen oder d‘Nofëlle vu Schwämmen
- Wäscht Ären Auto net doheem, mee just a professionelle Waschanlagen.
- Kontrolléiert Är Waasserleitungen a Krunnen op méiglech Fuitten.
Aus dësem Grond gëtt just nach deen Deel vum Waasserspill op der Place Kons genotzt dee mat Reewaasser bedriwwe gëtt. D’Niwwelmaschinn vum Waasserspill, déi mat Drénkwaasser bedriwwe gëtt, gëtt temporär ausgeschalt.
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Solidaritéit.
Réimecher Navette – AUSSER BETRIB | 19.06-23.06.2026
Réimecher Navette – AUSSER BETRIB | 19.06-23.06.2026
26.05.2026 | D’Gemeng ass mëttes zou
Ons Büroen an de Service technique (ab 11:00) bleiwen de 26.05.2026 mëttes zou.
Merci fir Ärt Verständnis
Méi net am Mee

Museksschoul | Aschreiwungen

Wanderwee-Info
Update > De Wee ass erëm op!
Wanderwee-Info
Héichwaasserinfo
Aktuellen Héichwassermessage vum Service de la Navigation.
Allgemeng Informatioune fir Awunnder: Héichwaasser
Wachsamkeetstuf ab engem Pegel vu 450 cm zu Réimech.
Héichwaasserkaart Réimech (ongeféier Valeuren):